Méi generell huet de Laurent Zeimet am Kontext vun der Kafkraaft an der geplangter Steierreform erkläert, datt d'CSV d'Leit weider wéilt entlaaschten. Et wier wichteg, sech wéinst den aktuelle Kricher op déi sozial an ekonomesch Konseuqenzen ze preparéieren, déi op d'Land géifen duerkommen, esou de Laurent Zeimet.
Tripartite soll kee Ritual ginn
Et wier wichteg, elo ze handelen, mat "roueger Hand". D'Tripartite sollt kee "politesche Spektakel" sinn, mee si soll konstruktiv a resultatorientéiert sinn.
"D’CSV-Fraktioun ënnerstëtzt dës Tripartite: Mat Respekt virun de Sozialpartner, mat engem oppenen Ouer fir d’Suergen am Land, mee och mat engem klore Sënn fir dat, wat Lëtzebuerg wirtschaftlech, sozial a finanziell droe kann."
D'Tripartite soll iwwerdeems kee Ritual ginn, esou de Laurent Zeimet.
D'DP mengt ze wëssen, wou de Schong dréckt
De Fraktiounschef vum Koalitiounspartner DP, de Gilles Baum, huet sech de Moien um Krautmaart iwwerzeegt gewisen, datt dës Tripartite “an engem positive Geescht” a “léisungsorientéiert” wäert gefouert ginn.
Am Virfeld vun de Verhandlunge vum 2. Juni un, hätt hie seng Ried vun haut bewosst ëm de soziale Volet axéiert.
"Dat well eng DP weess wou de Schong dréckt, dat well eng DP weess wou d’Leit konkret op Entlaaschtunge waarden, dat well eng DP weess, datt eng Majoritéit dorunner gemooss gëtt, wat si konkret fir d’Leit mécht. Dat hu mir gemaach, an dat wäerte mir weider maachen, fir d’Leit a fir d’Land."
De Staat kéint net op Dauer den Haaptmotor vun der Beschäftegung sinn, wann d’Privatwirtschaft ëmmer méi un Dynamik verléiert, esou nach den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet a senger Ried.
Well d’lescht Joer iwwer 80 Prozent vun den neien Aarbechtsplazen a Beräicher geschafe gi wieren, déi direkt oder indirekt aus ëffentleche Mëttel finanzéiert ginn, huet de Laurent Zeimet gewarnt, datt dat net dauerhaft zu engem Trend dierft ginn, soss hätt een ee Problem.
Oppositioun: Erwaardungen un d'Tripartite ginn auserneen
Och déi zwou gréisst Oppositiounsparteien LSAP an ADR hunn de Moien an der Chamber op d’Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert an e Bléck no vir op d’Tripartiteverhandlunge gehäit.
D’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet hirersäits betount, dass hir Partei sech och en Erfolleg bei der Tripartite géif wënschen. En Echec vun de Verhandlungen huet Si als “Katastroph fir jidderee” beschriwwen.
Den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup gesäit de Premierminister dogéint elo schonn als Verléierer vun der Tripartite. Wann et zu kengem Konsens sollt kommen, géif de Luc Frieden als Schëllegen duergestallt ginn. Am Fall vun enger Eenegung géifen Anerer dofir gelueft ginn, mengt de Fred Keup.