Radioen

On air

Notturno  |  Cornelius - Change And Vanish

play_arrow Live
search

/ Laura Könner nei Directrice vun der Direction de l’aviation civile

Aviatioun

Laura Könner nei Directrice vun der Direction de l’aviation civile

D’Laura Könner gëtt, op Propos vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, nei Directrice vun der Direction de l’aviation civile  (DAC). Dat geet de Moien aus engem Schreiwes vum Mobilitéitsministère ervir.

auto_stories

1 min

Laura Könner | © SIP
Laura Könner (Foto: SIP)

Déi nei Direktesch huet e Master an "Air Transport Management" an en Diplom an "Aeronautical MRO & Engineering". Si hat hir Karriär bei Airbus ugefaangen a war schonn Aviatiounsexpertin am Ministère, éier si virun zwou Wochen Directrice ginn ass. 

D’DAC bekëmmert sech ëm d’Flug- an d’Loftsécherheet hei am Land.