Schold dorunner wiere Wiederextreemer wéinst dem Klimawandel, esou den Direkter Steve Turmes.
Zu Lëtzebuerg war d’Wieder engersäits am Mee a Juni ze laang dréchen – besonnesch am Süden hunn d’Kulturen dorënner gelidden. Anerersäits huet et am Fréijoer an am Summer och länger Zäiten ze vill gereent – dovu ware virun allem Kulturen am Norde betraff.
D’Landwirtschaft misst haut mat esou Wiederextremer eens ginn, sot den Direkter vun der Saatbaugenossenschaft. “Normaalt” Wieder, wéi fréier, géif et net méi ginn.