Ëmfroe soen der CDU an dem Ministerpresident Boris Rhein eng Victoire viraus. Hannendrun dierft et awer méi eng enk Cours ëm déizweet Platz ginn. Dat tëschent SPD, Gréng an AfD. An Hessen regéiert aktuell eng schwaarz-gréng Koalitioun.
A Bayern dierfen 9,4 Millioune Mënschen hir Stëmm ofginn. D'Fro, déi sech hei virun allem stellt, ass, ob eng CSU héich genuch gewënnt, fir datt de Markus Söder 2025 eventuell als Kanzlerkandidat kéint an d'Course goen.
A béide Bundeslänner gëtt natierlech och gespaant op d'Resultat vun der AfD gebléckt.