Radioen

On air

Moiesstudio  |  Als Granny-Aupair an Namibia

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lady Gaga – Mayhem

Album vun der Woch

Lady Gaga – Mayhem

Um Lady Gaga hirem 7. Album Mayhem kennt d’Musekerin rëm zeréck bei hir Pop Wuerzelen, ouni awer wéi eng einfach Kopie ze klengen. Den Album mécht, wat e versprach huet: Et ass haart, chaotesch a maximalistesch. Mama Monster ass méi wéi zeréck, a verschafft d’Relatioun mat Notorietéit, wärend si eis awer drun erënnert, firwat et déi och méi wéi verdéngt huet.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Lady Gaga | © Frank LeBon play_arrow
Lady Gaga (Foto: Frank LeBon)

Mama Monster geet rëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht. 

An de leschte Jore war et méi roueg ginn em d’Artistin, och wann si ni wierklech fort war. Déi lescht Zäit war si awer méi op hir Schauspill-Karriär konzentréiert, an och bei de leschte Museksalbumen fort vum Pop Genre an dofir am Jazz a Country ënnerwee. Och wann d’Musekerin do konnt Auszeechnunge gewannen, seng Fans, d’Little Monsters, si sécherlech frou rëm néi Pop-Hymne geliwwert ze kréien.

Nostalgie?

Natierlech fënnt een awer Thema vun der Nostalgie dra rëm. Et ass wei e méi erwuessent Lady Gaga, wat seng Vergaangenheet, déi och vu villen schwieregen Zäite gepräägt war, nei verschafft an dobäi Spaass huet, ouni déi schlecht Aspekter ze ignoréieren.

Et geet och textlech em den ënnerleche Konflikt tëscht hirer perséinlecher Identitéit an der populärer Persona; hir riseg Bekanntheet mat hirer eegener Identifikatioun verbannen an déi Relatioun analyséieren. Déi zwee Perséinlechkeete ginn hei zesumme gesat a wat dobäi erauskënnt: Mayhem. Also Chaos, Maximalismus an Absurditéit, alles an enger gudder Dosis. 

Pop

Natierlech ass de Pop-Genre hei am Vierdergrond, mee (am Fong ganz Lady Gaga-esque) kann een och Experimenter mat anere Genren drop erëm fannen, hei fält d’Single zesumme mam franséischen DJ Gesaffelstein zum Beispill ran. D’Pop-Ikon ass, wéi gewinnt, extra gutt wann si och méi speziell Saachen ausprobéiert. 

Maximalismus

Deen eenzegen Aspekt wou de Maximalismus vläit e Stéck ze vill ass, ass d’Längt. Den Album fänkt extrem staark un, mee hält Spannung leider net ganz bis zum Schluss, do hätt ee kéinten deen een oder aneren Track villäicht einfach ewech loossen. An awer ass et e wierklech gelongenen Album, deen eis all drun erënnert, firwat mir d’Lady Gaga eigentlech esou gären hunn, a firwat si hir Notorietéit méi wei verdéngt huet.

Lauschterenplay_arrow