Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Shore Leave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laang Waardelëschte bei Stater Sportsclibb

Sport a Fräizäit

Laang Waardelëschte bei Stater Sportsclibb

Kanner hunn et net ëmmer einfach fir a Stater Sportsclibb eranzekommen. Ënner anerem am Schwammen an an der Liichtathletik stellt dat e Problem duer. Mee firwat ass dat esou? De Jo Welfringer huet mat Vertrieder vu Schwamm- a Liichtathletiksclibb aus der Stad geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Plazen a Schwammclibb an a Schwammcoursen si rar. An der Stad stellt dat Kanner an och Eltere viru Problemer an éiweg laang Waardelëschten. Een Aspekt, firwat et dacks keng fräi Plaze ginn, ass déi feelend Infrastruktur, wéi de Franck Hohenecker, Generalsekretär vum Swimming Club Lëtzebuerg, erkläert.

“On a bien sûr la Coque et le centre sportif. On a aussi au Campus parfois des lignes d’eau et toutes les piscines de la ville de Luxembourg et toutes les mises à disposition qui sont d’ailleurs très bien faites par la ville. On est très satisfait, ils sont vraiment cooperatifs. Malgré tout à un moment on est au maximum de ce qu’on peut faire et donc on a mis cinq, six personnes par ligne.”

Et misst een dann och bedenken, datt ee fir aner Sportaarten am Waasser deelweis och extra Bassenge mat verschiddenen Déifte bräicht, sou nach de Frank Hohenecker.

Am Schwammen ass et also een infrastrukturelle Problem, deen net einfach léisbar ass. Schwämmen ze bauen hëlt eng gewëssen Zäit an Usproch an de Käschtepunkt ass héich. Déi Verantwortlech vum Swimming maachen dofir der Stad Lëtzebuerg och kee Virworf.

Negativ Erfarunge mat der Stad Lëtzebuerg

Beim Liichtathletiksclub LIAL gesäit een dat awer anescht. Och do gëtt et einfach net genuch Infrastrukture fir de Besoin ze bedéngen. D’Stad war awer wéineg kooperativ fir dem réischt 4 Joer ale Club adäquat Plazen zur Verfügung ze stelle fir ze trainéieren. Et hätt een einfach keng Plagë méi. Déi wieren och vun deenen anere Veräiner besat an et kéint een net wierklech eppes maachen. D’Nadine Marx, Vizepresidentin vum LIAL gëtt eis e Beispill.

"Um Geesseknäppchen, do ass eng Pist, déi ass ëffentlech, bei déi si mir ganz vill trainéiere gaangen, mee do si guer keng Toiletten, keng Vestiären. Et ass keng Luucht. Dat heescht am Wanter ass et ab fënnef, hallwer sechs ass et däischter, an do hu mir geduecht, dass ee mat wéinege Moyenen hätt kënnen déi d'Pist wierklech flott maachen.”

Zwee Scheinwerfer, e Container fir d’Material an een Accès op Toilettë wier duergaangen. Mee och do war dunn am Endeffekt vun der Stad aus näischt ze maachen. Mat Hëllef vum Ministère an der Liichtathletikfederatioun krut een dunn awer Plaz an der Coque an um INS.

D'Aarbecht vun de Fräiwëllegen

D’Infrastruktur ass awer net deen eenzege Problem fir de LIAL. Doriwwer eraus wier et och extrem schwiereg, Personal ze fannen, erkläert d’Nadine Marx.

"An der Liichtathletik sinn d'Traineren alleguerte Fräiwëlleger. Dat heescht, si maachen dat an hirer fräier Zäit. Si maachen dat net aus finanzielle Grënn, well mir net ganz vill kënne bezuelen. Si opferen hir Zäit an der Woch, si opferen hir Zäit ganz vill de Weekend och, wou d'Kompetitioune sinn.”

Dat féiert dann och dozou, datt vill méi Demanden erakommen, wéi Kanner kënnen opgeholl ginn. Direkt Léisungen dofir ginn et net, dofir huet een sech beim Swimming, wéi beim LIAL domat offonnt, datt Waardelëschten zimmlech laang sinn.

Lauschterenplay_arrow

COSL: Funktionalitéit vun den Infrasktrukturen iwwer d'Ästetik stellen

De Laurent Carnol, Directeur technique adjoint vum olympesche Comitée COSL, confirméiert de Problem an der Stad, awer och am Süde vum Land. Hie betount sengersäits am 100,7-Interview, datt et bei der Infrastruktur géif Méiglechkeete ginn, fir dee Problem besser an de Grëff ze kréien.

Lëtzebuerg hätt zwar vill, ganz gutt Sportinfrastrukturen. Hie wënscht sech awer, datt déi deelweis nach méi multifunktionell, also fir verschidde Sportaarte benotzbar wieren.

"An ech mengen do kann och en Ëmdenke geschéien, datt mer vläicht net ëmmer mussen déi allerschéinsten oder architektonesch Halen, mee och einfach funktionell Halen, déi vu ville verschiddene Veräiner kënne genotzt ginn."

Alles an allem, missten och nach méi Sportinfrastrukture gebaut ginn, fënnt de Laurent Carnol. 

Fir Trainer:inne wier d’Ausbildung wichteg, fir dat Kanner en adequaten Encadrement kënne kréien. Et misst een awer net ëmmer op Diplomer pochen, wa verschidde Leit schonn d‘Erfarung géife matbréngen a Kanner gutt kéinte sportlech betreien, sou nach de Laurent Carnol.

Interview mam Laurent Carnol

Lauschterenplay_arrow