Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Guy Helminger vu Buenos Aires

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ La France Insoumise mécht Drock op den Emmanuel Macron

Propos vun enger Destitutioun

La France Insoumise mécht Drock op den Emmanuel Macron

A Frankräich geet d’Regierungsformatioun éischter lues virun, de President hält sech bedeckt a wëll e Freideg mat de Parteispëtzte fir Gespréicher zesummekommen. D’Lénkspartei La France Insoumise wëll awer elo den Drock op de Macron vergréisseren a proposéiert hien ze entmächtegen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat

Max Tholl, Paräis

Ufank Juli konnt sech d’Lénksallianz Nouveau Front Populaire bei de franséischen Neiwalen duerchsetzen, mee och sechs Woche méi spéit gëtt et nach keng nei Regierung oder kloer Tendenz, wien de President als Premier wäert nennen. E Freideg wäert de Staatschef mat de Parteispëtzte fir Gespréicher zesummekommen, mat dobäi wäert och d’Lucie Castets sinn, d’Kandidatin vum Nouveau Front Populaire.

Fir am Virfeld vun de Gespréicher den Drock ze erhéijen, hat d’Lénkspartei La France Insoumise e Sonndeg d’Optioun an d’Spill bruecht, fir de Macron mat enger Destitutioun ze entmächtegen, sollt hie weiderhi refuséieren d’Lucie Castets als Premier ze nennen.

Eng motion de censure wier méiglech

Dëst Instrument an der Verfassung erméiglecht eng Ofsetzung vum President, wann dësen de Flichte vu sengem Amt net nokënnt a brauch eng Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament. Datt et awer iwwerhaapt esou wäit kënnt, schéngt onwarscheinlech, déi aner Parteie vum Nouveau Front Populaire hu sech kloer vun dëser Propos distanzéiert, sou och d’Lucie Castets de Méindeg den Owend op BFMTV. Si gesäit eng aner Léisung, sollt de President bei der Regierungsformatioun d’Walresultat net respektéieren an zwar eng motion de censure géint d'Regierung.

D’Marine Tondelier vun den Ekologisten huet virun ze vill Kakophonie beim Lénksbündnis gewarnt. Déi sëlleg Desaccorde beim Lénksbündnis spillen dem Macron an d’Kaarten, hie wëll jo eng grouss Koalitioun op d’Bee stellen.

Lauschterenplay_arrow