Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ LU-Alert: Warnung mam Piepstoun soll just an extreeme Fäll benotzt ginn

Éischt Tester hunn ugefaangen

LU-Alert: Warnung mam Piepstoun soll just an extreeme Fäll benotzt ginn

Den neien LU-Alert mat Piipstoun gouf um Dënschdegmoien eng éischter Kéier am ganze Land getest, nodeems en e Méindeg just am Kanton Miersch gestest gouf. D‘Warnsignal mam Piipstoun soll awer just a ganz extreme Fäll benotzt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

D‘Tester goufen d‘lescht Woch vum Inneministère annoncéiert. Den Alain Becker, Zoustännege fir d‘Sécurité civile am Inneministère, erkläert, datt dëst och net dee leschten Test wier. Als nächst soll d‘App getest ginn, déi déi al LU-Alert ersetze soll. An der App kann een astellen, wéi eng Alerten ee kréie wëll.

Bei villen Tester besteet natierlech d‘Gefor, datt d‘Leit se net méi eescht huelen, gëtt den Alain Becker zou. Et wier trotzdeem absolutt néideg.

"Et ass eigentlech an der Optik vun enger resilienter Gesellschaft, déi mer gär hätten, dass d'Leit och belaaschtbar sinn, datt se wëssen, dass eng early warning, och early actions mat sech bréngt.“

Et wéilt een dat, wat an der Theorie klappt, och mat der Populatioun testen.

Just bei akuter Gefor

Déi sougenannte Cell-Broadcast, wéi se e gëschter erausgaange sinn, sollen iwwerdeems just a ganz extreme Fäll benotzt ginn.

"Wou mir dann d'Leit och wierklech opfuerderen, direkt ze reagéieren, ze evakuéieren zum Beispill oder op eng akut Gefor hinzeweisen.“

Deen Test soll och maximal ee Mol am Joer getest ginn an d‘Leit géifen am Virfeld informéiert ginn.

Interview mam Alain Becker lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft