arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP wëllt Zousaztext bei Associatiounsaccord

EU-Israel

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

LSAP wëllt Zousaztext bei Associatiounsaccord

An der aussepolitescher Chamberkommissioun gouf un engem Avis zum Aussetze vu verschiddene Bestëmmunge vum Associatiounsaccord tëschent der EU an Israel gefeilt. Kritik gouf et dobäi virun allem vu Säiten der LSAP.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Fir den Deputéierte Franz Fayot ass deen Avis zwar e Schrëtt an déi richteg Richtung, mee een deen net wäit genuch geet.

Dobäi hat den DP-Kommissiounspresident Gusty Graas virun der Reunioun vun engem sachlechen, ma bestëmmt-kriteschen Text géintiwwer Israel geschwat. Den Avis soll als Basis dénge fir eng Resolutioun. Déi dierft dann e Mëttwoch an der Chamber zum Vote kommen an dono un d’EU-Kommissioun weidergoen.

Am Text geet dovu Rieds, fir d’kommerziell Relatiounen tëschent Bréissel a Jerusalem ze suspendéieren.

"Associatiounsaccord sollt komplett suspendéiert ginn"

Et wieren am Avis och kritesch Gedanken zur israeelescher Annexioun vum Westjordanland dran, esou de Franz Fayot.

“Ech hat just de Moie proposéiert, fir och nach eng Iddi dran ze bréngen, datt mer bedaueren, datt u sech deen Avis oder déi Decisioun net op aner Volete vum Accord mat Israel ausgebreet gëtt.”

An den Ae vum LSAP-Deputéierte sollt carrement dee ganzen Associatiounsaccord tëschent der EU an Israel suspendéiert ginn. Dat géif awer net vun der CSV-DP-Majoritéit matgedroe ginn, sou datt ee kucke misst, ob een do viru kéim, esou den Ex-Ekonomiesminister.

"Soss erreeche mir guer näischt" 

Do virdrun hat d’Sam Tanson den Text, esou wéi en aktuell um Dësch läit, begréisst. Dee géifen déi gréng dann och matdroen. Zum Franz Fayot senger Textergänzung, déi am Laf vum Dag dierft erakommen, sot d’Ex-Justizministesch, datt een op déi definitiv Textpropose géif waarden.

“Ech weess awer net, ob mer op deem Punkt dann e Kompromëss fannen an der Kommissioun.”

Déi Bedenken huet den DP-Kommissiounspresident Gusty Graas gedeelt. Et dierft een net vergiessen, datt een eng Unanimitéit bräicht, wann een e Schrëtt méi wäit wéilt goen. Dogéint géif, fir déi kommerziell Aktivitéiten ze suspendéieren, eng qualifizéiert Majoritéit duergoen.

“An dat ass fir eis awer immens wichteg! Wa mer elo deen heiten Avis awer sou zeréckbehalen, dann hu mer awer schonn e wichtege Schratt ënnerholl. Wa mer elo déi Propositioun géife vun de Sozialisten opgräifen, dann, fäerten ech, erreeche mer am Endeffekt guer näischt!”

Eng partiell Suspensioun vum Associatiounsaccord auszesprieche wier schonn en Zeeche vis-à-vis vun Israel, datt et eis eescht gemengt wier, huet de Gusty Graas nach gemengt.

play_arrow Lauschteren