Radioen

On air

9 bis 1  |  Benny Sings - Sunny Afternoon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP schéckt Nicolas Schmit an d‘Rennen

EU-SPËTZEKANDIDATEN

LSAP schéckt Nicolas Schmit an d‘Rennen

Gëtt den Nicolas Schmit Spëtzekandidat vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten? D‘LSAP huet op alle Fall wëlles, hien ze proposéieren. Den Delai fir d‘Kandidature leeft de 17. Januar of a bis elo gëtt et offiziell keen anere Kandidat.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Nicolas Schmit ass weider prett, fir Spëtzekandidat vun der „Soziademokratescher Partei vun Europa“ (SPE) ze ginn. Dat huet hien dem radio 100,7 nach eng Kéier confirméiert.

Nicolas Schmit ass prett

„Wann déi Kandidatur erwënscht ass, sinn ech bereet fir se ze stellen“, sou den EU Kommissär fir d‘Aarbecht a Soziales, „grad well d‘EU viru groussen Erausfuerderunge steet a wéinst mengem politeschen a besonnesch europäeschen Engagement“. No der Presidentschaft vum Jean-Claude Juncker wier et „eng grouss Éier“ als Lëtzebuerger an et géif d‘Roll vu Lëtzebuerg an Europa ënnersträichen, sou den LSAP-Politiker op eis Nofro.

SPD-Ënnerstëtzung fir den Nicolas Schmit?

De Magazine Politico hat gëschter um Mëttwoch gemellt, déi däitsch SPD géif eng Kandidatur vum EU-Kommissär fir d’Aarbecht a Soziales ënnerstëtzen, fir déi Roll an den Europawalen un der Spëtzt vun der „Soziademokratescher Partei vun Europa“ (SPE) ze iwwerhuelen.

De Jens Geier, SPD-Europadeputéierten, deen an deem Artikel zitéiert gëtt, wollt dat dem 100,7 géintiwwer awer esou net confirméieren.

„Wir haben diesen Spitzenkandidaten-Prozess jetzt begonnen. Bis zum 17. Januar warten wir auf Kandidaturen. Nicolas Schmit ist eine respektabele Persönlichkeit. Alles weitere muss dann die SPE im Lichte der Kandidaturenlage nach dem 17. Januar entscheiden.“

Op engem Kongress vun der SPE zu Roum Uganks Mäerz soll decidéiert, wien als Spëtzekandidat nominéiert gëtt. Der interner Prozedur vun der Partei vun den Europäesche Sozialisten no muss eng national Delegatioun eng Kandidatur proposéieren.

Nieft LSAP mussen aacht aner PES-Membere d'Kandidatur ënnerstëtzen

D’Lëtzebuerger LSAP huet Wëlles dat ze maachen. De Bréif wier prett a wier drop an dru verschéckt ze ginn, confirméiert d‘Parteipresidentin Francine Closener.

Fir datt d‘Kandidatur eligibel ass muss se duerno nach vun aacht anere Memberparteie vun der SPE ënnerstëtzt ginn. Wäert dann zum Beispill SPD dat maachen? D’Fro un de Jens Geier:

„Das ist ein offener Prozess. Mehr kann ich dazu nicht sagen.“

Am Gespréich fir eng Tête de liste war och déi fréier däitsch Justizministerin an aktuell Europadeputéiert vun der SPD, d’Katarina Barley. Doriwwer, ob si selwer hir Kandidatur stellt, wollt si e Mëttwoch näischt soen.

„Es sind ja nur noch wenige Tage bis Fristablauf, da muss man sich jetzt noch gedulden."

Op d‘Fro, ob si et ausschléisst, selwer ze kandidéieren, sot d‘Katarina Barley:

„Ausschliessen tue ich generell nichts, das hat mich mein Lebenslauf gelehrt.“

Nach keng Decisioun vun der Ursula von der Leyen

D’Ursula von der Leyen iwwerdeems hält sech och weider bedeckt. Déi aktuell Cheffin vun der Europäescher Kommissioun ass am Gespréich fir Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei ze ginn.

Hien hätt keng Informatiounen doriwwer, wéini d’Kommissiounspresidentin eng Annonce iwwer hir Intentioune maache wielt, sot Uganks der Woch de Kommissiounsspriecher Eric Mamer. D’EVP wëll hire Choix Ufank Mäerz op engem Kongress bekannt ginn.

Schmit amplaz Hansen an d‘Kommissioun?

De Spëtzekandidat ass normalerweis déi Persoun, déi eng europäesch Partei an d‘Renne schéckt, fir Kommissiounspresident oder Kommissiounspresidentin ze ginn. 2014 war de Spëtzekandidat vun der EVP de Jean-Claude Juncker, effektiv op dee Poste komm. Seng Partei hat deemools allerdéngs och déi meeschte Stëmme bei den Europawale kritt.

D‘CSV-DP Regierung huet de fréieren Europadeputéierte Christophe Hansen nominéiert fir EU-Kommissär ze ginn. Déi rout-blo-gréng Regierung hat 2014 dem Jean-Claude Juncker de Posten an der Kommissioun iwwerlooss, nodeems hien als President nominéiert gouf. Pikanterweis hat si de Nicolas Schmit fir dee Poste virgesinn. Ob déi schwaarz-blo Koalitioun dat änlech handhabe géif, misst sech dann nach weisen.

Lauschterenplay_arrow