D'Motioun fuerdert iwwerdeems eng Upassung vun der Lux Alert App. Sou sollen déi betraffe Produiten duerch d'Scanne vum Barcode identifizéiert ginn. Déi Méiglechkeet géif an engem Aarbechtsgrupp analyséiert ginn, esou d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.
Um Mëttwochmoien huet de Kannerdokter Serge Allard am 100,7-Interview erkläert, wou de Problem mat de Ceruliden hierkënnt a wat den Impakt ass. Hien huet erkläert wéi hien d'Kommunikatioun vun den Autoritéite gesäit.