De Koalitiouns Programm wier extrem vage an e géif sech liese wéi eng Ureiung vu gutt gemengte Virsätz, an net ewéi een Text deen eng kloer Visioun hätt.
Kritesch war d’Taina Bofferding och iwwert de Choix vun der Regierung fir d’Kafkraaft vun de Stéit iwwert eng generell Upassung vum Steierbarème ze stäerken. Et weist een, datt d’Upassung vum Barème éischter deenen ze gutt kënnt déi eng héich Pai hunn. Et wier besser gewiescht méi sozial selektiv ze handelen.
Eng vun de Froen déi am Koalitiounsaccord opgeworf gëtt, ass déi vun de Pensiounen. D’CSV an d’DP plangen do eng breet Diskussioun. D’Taina Bofferding wollt dozou méi Detailer kréien. Och de Fred Keup, Fraktiounspresident vun der ADR, huet d’Zukunft vun de Pensiounen ugeschwat, fir hie wier et néideg an deem Zesummenhang iwwert d’Fro vum Wuesstem ze diskutéieren.