Deemno bitt den IFEN konkret Formatioune fir d’Enseignanten un. Ënner anerem doriwwer, wéi an der Education sexuelle et affective altersgerecht iwwer déi Sujete schwätzt.
Am CEPAS an de Schoule ginn dem Léierpersonal och Broschüren zur Verfügung gestallt zum Theema Diversitéit. An de SCRIPT huet ee Schoulplang ausgeschafft. Dee läit den Ament beim Regierungsrot a soll deemnächst der Chamberkommissioun virgestallt ginn, erkläert d’DP-Deputéiert Barbara Agostino.
Ass d’Diskussioun ëm genderneutral Toilette berechtegt?
De véierte Pilier - d’Infrastruktur - huet fir bësse méi Diskussioun gesuergt. Nämlech soll an nei gebaute Lycéeën genderneutral Toilette gebaut ginn, am Plaz vun Toiletten, déi no Geschlechter getrennt ginn.
D’Barbara Agostino erkläert, datt dat ee grousse Raum soll sinn, wou d’Toiletten awer ganz zou wieren. Esou wier d’Privatsphär trotzdeem garantéiert.
Datt dëst op Kritik oder op d’mannst Bedenke stéisst, kann d’DP-Deputéiert verstoen. Fir si misst do ee gesellschaftleche Mentalitéitswiessel geschéien:
“An do ass et un der Politik, respektiv un de Ministèren, eng gewësse Sensibiliséierungspolitik ze maachen an och ze weisen, a wéi enge Länner datt et scho fonctionéiert.”
Si wéisst deemno net, firwat et zu Lëtzebuerg net funktionéiere soll.
Alles an allem ass d’Barbara Agostino der Meenung, datt een ni fäerdeg ass wat Sensibiliséierung zu de Sujete Respekt, Toleranz an Akzeptanz ugeet.
De ganzen Interview lauschteren: