arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Phishing-Versich an de Lycéeën: Delai fir Passwierder ze änneren no hanne verréckelt

Cyberkriminalitéit

|
reading time

2 min

Phishing-Versich an de Lycéeën: Delai fir Passwierder ze änneren no hanne verréckelt

Uganks der Woch ass et an de Lëtzebuerger Lycéeën zu enger ganzer Partie Phishing-Tentativë komm. An dëse Phishing-Noriichten, déi iwwer Mail verschéckt gi sinn, wieren d’Schüler:innen opgefuerdert ginn, op e Link ze klicken. Dat huet den Educatiounsministère eis op Nofro hi confirméiert.

reading time

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Schüler:inne wieren direkt no Bekanntgi vun dëse Virfäll ugewise ginn, net op esou e Link ze klicken. Sämtlech Lycéeën am Land goufen opgefuerdert, hir Schüler:innen haut nach eng Kéier geziilt iwwer d’Geforen hanner esou Messagen a Links opzeklären.

Zousätzlech dozou mussen all d’Schüler:inne hiert sougenannten IAM-Passwuert änneren, heescht et aus dem Educatiounsministère. De Moie war den Delai vu 16:00 Auer genannt ginn. Mee well de Server duerch déi vill Ufroen iwwerlaascht ass, gouf den Delai, fir d'Passwuert ze änneren, op onbestëmmten Zäit no hanne verréckelt. Dat huet de Ministère op Nofro hi matgedeelt. 

Keen Zesummenhang mat PHP-Programméiersprooch

D’Léierpersonal soll d’Schüler:inne bei dësem Schrëtt begleeden. 

Wéi vill Schüler:inne schonn op esou e Link geklickt hunn, wier net gewosst, esou nach de Ministère. Et wiere bis ewell awer net vill Problemer beim Helpdesk vun hiren Informatiksdéngschter gemellt ginn.

Onofhängeg vun dëse Phishing-Messagen hat och dës Woch och déi weltwäit Sécherheetslück vun der PHP-Programméiersprooch Auswierkungen op verschidde Sitte vum Educatiounsministère. Verschidden Internetsäiten, déi vum Ministère geréiert ginn, hätten dowéinst temporär missten zougemaach ginn. Déi betraffe Servicer a Schoule wieren informéiert ginn.