Am September 2022 hat de Mann e CDI als Chargé de cours ënnerschriwwen. Tëschent November 2022 a Juni 2023 hat de Mann dunn aus Gesondheetsgrënn 15 Mol iwwer méi e kuerzen oder laangen Zäitraum gefeelt.
Dowéinst war hien Enn 2022, Ufank 2023 am Kontext vun enger méiglecher Disziplinaraffär op e Virgespréich geruff ginn. Am Januar 2023 hat e Kontrolldokter dem Mann seng Aarbechtsonfäegkeet zweemol als justifizéiert ugesinn a festgehalen, datt hie misst nei kontrolléiert ginn, wann hien nees ufänke géif mat schaffen.
Claude Meisch gouf saiséiert
De Regionaldirekter hat de Minister Claude Meisch (DP) am Mäerz saiséiert, well de Chargé sengen Obligatiounen net nokomm wier.
De Claude Meisch hat am Abrëll de Fonction-publique-Minister Marc Hansen (DP) ëm säin Avis gefrot, wat en Opléise vum Kontrakt ugeet. Deen hat de selwechte Mount e favorabelen Avis dozou ofginn. Wouropshin de Claude Meisch de Mann am Mee doriwwer informéiert hat, datt hien d’Absicht hätt, säi Kontrakt opzeléisen.
Verspéidungen an ouni Grond net op d'Schaff
Dat, well de Mann Dokter-Certificate mat Verspéidung ofginn oder ugefrot hätt, ouni Justifikatioun net op d’Aarbecht komm, an eemol net bei de Kontrolldokter gaange wier. De selwechte Mount hat de Minister de Kontrakt opgeléist.
Am Dezember 2023 war de Mann op d’Verwaltungsgeriicht gaangen.
Riichtere ginn dem Minister Recht
Deem seng éischt Riichteren halen an hirem Urteel ënner anerem fest, datt e Kontrakt kann opgeléist ginn, wa sech falsch verhale gëtt. Déi net autoriséiert oder net entschëllegt repetitiv Absencë vum Mann géifen eng Violatioun vun der Reglementatioun a Saachen Absencen aus Gesondheetsgrënn duerstellen.
De Mann wéilt d’Gravitéit vun de Faite minimiséieren a wier sech dem Eescht vun der Lag net bewosst. Dobäi géif säi Verhalen eng systematesch Attitüd beleeën, woufir dem Mann seng Recoursen zeréckzeweise wieren.