Radioen

On air

Vue sur mer  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Knapp 500 Manifestanten um Findel

Cargocenter

Knapp 500 Manifestanten um Findel

Tëscht 400 a 500 Manifestanten hunn de Moien hir Solidaritéit mat de Luxair-Mataarbechter vum Cargocenter gewisen, an hunn anescht ewéi geplangt de Rond-Point um Findel blockéiert.

auto_stories

3 min

Fir d’Situatioun ze deblockéieren hunn d’Gewerkschaften hir Rieden um Rond-Point gehalen. Dono gouf de Rond-Point lues a lues nees fräiginn. Keng Sortie ouni Unerkennung an de sozialen Acquis, dat war d’Haaptfuerderung fir déi 1.200 Luxair-Mataarbechter déi am Cargocenter schaffen.

D’Luxair-Direktioun huet nämlech decidéiert, d’Cargogeschäfter vum Passagéiergeschäft ze trennen. D‘Gewerkschafte froe Garantien, datt d’Personal vum Cargocenter, wat aktuell ënnert der Luxair schafft, zesummebleift mat der gesamter Beleegschaft vun der Luxair.

D'Manifestatioun um Findel. | © Carole Schimmer
D'Manifestatioun um Findel. (Foto: Carole Schimmer)

Hannergrond ass, datt d’Luxair bei enger Ausschreiwung fir de Cargohandling net matgemaach huet, obwuel se fir eng Lizenz fir de Passagéierhandling matgemaach huet. Domadder riskéiert een d’Personal an zwee ze splécken.

An och wann d’Luxair de sozialen Acquis vun de Cargocenter-Mataarbechter garantéiert, fäert een awer, datt et an Zukunft zu Verschlechterunge kënnt. 

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)