Radioen

On air

Notturno  |  Wilder Maker - Letter Of Apology

play_arrow Live
search

/ Kropemannsfest zu Réiden: Dräivéierel vun de Comitésmemberen hunn demissionéiert

Nees Sträit an der Gemeng Réiden

Kropemannsfest zu Réiden: Dräivéierel vun de Comitésmemberen hunn demissionéiert

Dräivéierel vun de Comitésmembere vum Kropemannsfest an der Gemeng Reiden op der Atert hunn demissionéiert. Et ass net déi éischte Kéier, datt et an der Gemeng Réiden zu Onstëmmegkeete kënnt.  D'Fest soll dëst Joer awer trotzdeem stattfannen.

auto_stories

2 min

Kropemann-Sprangbur virun der Réidener Gemeng | © Wikimeida Commons
Kropemann-Sprangbur virun der Réidener Gemeng (Foto: Wikimeida Commons)

D’Kropemannsfest ass een traditionellt Fest, dat d’lescht Joer säin 10-Järege Jubiläum geféiert huet, an all Joer ronn 10.000 Leit unzitt. De Grënner vun dem Fest, den Tom Faber, Gemengeconseiller zu Réiden, huet virgëschter, mat sechs anere Leit, hir Demissioun agereecht, wëll se, dem Tom Faber sengen Aussoen no, vun der Gemeng net genuch ënnerstëtzt gi wieren.

"Zanter 2018 hu mir ëmmer méi de Krunn zougedréint kritt. Éischtens mol wat d’Stonnen ubelaangt vum Gemengepersonal, wat si mussen drastiechen. Do huet de Buergermeeschter ëmmer e Problem domat gehat. Wat een awer muss soen, dat bréngt der Gemeng ganz vill, respektiv och d’Schéinheet no baussen, d’Gemeng presentéiert sech richteg gutt no baussen. Wou nach bëssen de Problem war, lo zum Beispill déi lescht zwee Joer, si mir bësselchen de Suen nogelaf. De Subside, dee mir zegutt hu vun der Gemeng aus, hu si an d’Längt gezunn." 

Henri Gerekens: Statutten net konform

D’Gemeng Reiden hofft, datt d’Kropemannsfest och dëst Joer wäert stattfannen. Dat sot de Buergermeeschter Henri Gerekens op eis Nofro hin. Datt zanter 2018 manner Personal zur Verfügung gestallt an d’Subsiden ze spéit ausbezuelt ginn, läit dorun, datt d’Statutte vun der asbl net konform waren. D’Gemeng wier sech bewosst, datt d’Kropemannsfest wichteg fir déi ganz Regioun wier, esou den Henri Gerekens.

"Et ass jo lo sou, d’Gemeng gëtt de Subside, also ass de Sponsor, nennt et wéi der wëllt. D’Gemeng ass déi eng Saach an d’asbl ass den Organisateur vun dem Fest. Wa wann d’asbl seet, mir si prett, d’Gemeng ass prett. D’Gemeng huet déi 55.000 Euro am Budget stoen, an d’Gemeng ass och prett fir dann alleguerten déi Stonnen ze liwweren, déi se all Joer geliwwert huet, déi ronn 2.600 Stonnen déi da géife geliwwert ginn."

D’Monique Kuffer, Gemengeconseillère zu Réiden an och am Comité vum Kropemannsfest, betount, datt d’Fest och dëst Joer soll stattfannen, och wann ee momentan just zu véier am Comité ass.