search

/ Kritik vu Kollektiv vun Elengerzéienden: Steierreform entlaascht net genuch

Steierreform

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Kritik vu Kollektiv vun Elengerzéienden: Steierreform entlaascht net genuch

De Collective Monoparental ass mat der neier Steierreform vun der CSV-DP Regierung net zefridden. Elengerzéiender géifen zwar entlaascht ginn, mee par Rapport zu Koppele wier een awer staark benodeelegt an d’Schéier géif méi wäit opgoen, seet de Jean Heuschling vum Kollektiv.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow
Fra Mamm Kand elengerzéiend | © Bigstock / nestea06
Fra Mamm Kand elengerzéiend (Foto: Bigstock / nestea06)

Déi nei Steierklass géif hinnen näischt bréngen, esou de Jean Heuschling. Dofir wier een enttäuscht. 

“Dat eenzegt wat e bëssen eppes bréngt, dat ass de CIM, an zwar nëmmen nach just an deene ganz ënneschte Gehaltsklassen, woubäi mir eigentlech da praktesch maximal, also maximal 500 Euro méi entlaascht ginn, wärend d'Koppele bis zu 5000 Euro méi kréien."

Domat géif den Ënnerscheed tëschent Koppelen an Elengerzéier nach méi grouss ginn, esou de Jean Heuschling. Doduerch, datt d'Elengerzéier Alimenter kréien, gëtt den CIM, also dem Credit dimpôt monoparental, ab engem gewëssene Montant reduzéiert. Den CIM gëtt och duerch d'Héicht vum Salaire reduzéiert. 

Steiererklärung als éischt Hürd

Iwwerdeems misst ee fir de CIM ze kréien eng Steiererklärung maachen. Dat géife vill Elengerzéiender awer net maachen, well hirt Akommes dofir ze niddereg ass. 

Lauschtert dee ganzen Interview mam Jean Heuschling

Umierkung vun der Redaktioun:

An enger éischter Versioun hate mir de Jean Heuschling mat sengen Aussoen iwwer de Crédit d'Impôt CIM falsch zitéiert. Hien huet am Interview kritiséiert, datt Elengerzéiender, déi Alimenter kréien, doduerch manner Crédit d'Impôt kréichen. Mir hate fälschlecherweis geschriwwen, hien hätt gesot, Leit, déi Alimenter kréien, géifen net mam Steierkreditt entlaascht ginn. 

play_arrow Lauschteren