Bei de Männer ass Longekriibs déi heefegst Kriibsaart, un där se stierwen. Duerno kënnt Prostatt-Kriibs an da Bauchspeicheldrüsen- a Liewerkriibs.
Bei de Fraen ass Broschtkriibs op der éischter Plaz vun den Doudesursaachen duerch Kriibs, duerno kënnt Longekriibs a Pankreas.
Am Joer 2023 si 4.258 Mënschen zu Lëtzebuerg gestuerwen. Dat sinn an der Moyenne 12 Doudesfäll pro Dag. D‘Männer sinn an der Moyenne 75 Joer al wann se stierwen. D‘Fraen 81.