Militäresch Ënnerstëtzung am Wäert vun iwwert enger Milliard US-Dollar solle vun elo u fir d'Ukrain ewechfalen. Déi betraffen Hëllefe sinn ënner anerem Waffen a Munitioun déi scho bestallt gi sinn oder um Wee fir an d'Ukrain waren. US-Medien no wieren eng Partie vun de Waffe schonn a Polen ukomm. D'Autorisatioun dofir war nach ënner dem Virgänger vum Donald Trump, dem Joe Biden, verdeelt ginn.
Noutsituatioun an der Ukrain
Domat ass d'Ukrain an enger Noutsituatioun. Zënter dem Ufank vum Krich am Februar 2022, waren d’USA déi wichtegsten Ënnerstëtzung vum Land bei der Verdeedegung géint den Aggresseur Russland. Scho wärend senger Walcampagne hat den Donald Trump d’Hëllefe fir d’Ukrain a Fro gestallt. Leschte Freiden huet en dunn och beim Sträit mam Wolodymyr Selenskyj domadde gedreet, d’Hëllefen op Äis ze leeën.
Dem Joe Biden seng Regierung huet zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun eng 69 Milliarden Dollar u militärescher Ënnerstëtzung fir Kiew zur Verfügung gestallt. Esou de Stand am Dezember 2024, dem Thinktank Kiel Institut no. Dobäi koumen nach weider Forme vun Ënnerstëtzung - beispillsweis wirtschaftlech oder humanitär – wéi och Hëllef bei der Ausbildung vun ukrainesche Kampfjetpiloten.
Verléiert d'Ukrain den Zougang zu Starlink?
Et géif een och elo fäerten, datt déi ukrainesch Arméi den Accès op dem Elon Musk säi Satellitendéngscht Starlink verléiert. Deen ass bis ewell genotzt gi fir hir Drone méi effektiv ze notzen. Den Elon Musk huet dëst nom Eclat am Wäissen Haus zwar dementéiert. Mee esou eng Drohung stoung wéi et schéngt scho virum Treffe vun de Presidenten Trump a Selenskyj am Raum, mellt d’Noriichtenagence Reuters.
Betraff sinn awer och honnerte Milliounen Dollar un Hëllefsgelder, mat deenen d'Ukrain sech militäreschen Ekipement kaf hätt, mellt den Deutschlandfunk. Domadder hätt d’Ukrain sech nei militäreschen Equipement direkt bei amerikaneschen Rüstungskonzerner kënne kafen.
Ob d'Hëllefe vun anere westleche Länner dee Verloscht kënnen ausgläiche bleift ongewëss.
Russland begréisst d’Decisioun vum Wäissen Haus. Et wier déi beschte Kontributioun zum Fridden.
Dem Donald Trump seng Annonce
De President Trump hätt kloer gemaach, datt säi Fokus um Fridde léich. D'US-Militärhëllefe fir d'Ukrain géifen elo iwwerpréift gi fir ze kucken, ob se zu enger Léisung bäidroen.
D'USA hu bis elo dee gréissten Deel vun der militärescher Hëllef fir d'Ukrain geleescht. D'Annonce vum virleefege Stopp vun deenen Hëllefe kënnt dräi Deeg nom Eclat am Wäissen Haus bei der Visitt vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj beim Donald Trump.
Der Zeitung New York Times no soll de Stopp vun den US-Hëllefen direkt a Kraaft trieden. Betraff wieren och Waffen a Munitioun, déi schonn amgaange waren un d'Ukrain geliwwert ze ginn.
Selenskyj: Et feelt u Sécherheetsgarantien
Den US-Vize-President JD Vance sot an engem Interview op Fox News, d'Dier fir Verhandlungen tëschent dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenskyj wier nach ëmmer op, ënner der Konditioun, datt den ukrainesche President bereet wier iwwer Fridden ze verhandelen.
A engem Videomessage gëschter Owend sot de Selenskyj, hie géif weider op d'Ënnerstëtzung vun den USA hoffen, mee Russland géif de Krich um Lafen halen, well et keng kloer Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain géif ginn.