Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yard Act - Dream Job

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kreml: Geplangte Bäitrëtt vun Ukrain a Moldawien net gutt fir d'EU

Reaktioun op Ukënnegung vum Membergespréicher

Kreml: Geplangte Bäitrëtt vun Ukrain a Moldawien net gutt fir d'EU

Moskau ass der Meenung datt de geplangte Bäitrëtt vun der Ukrain a vu Moldawien an d‘Europäesch Unioun, d‘EU géif destabiliséieren. D‘EU hätt mam offiziellen Ufank vun de Bäitrëttsverhandlungen hir Ënnerstëtzung wollte weisen, géif awer selwer grad net déi beschten ekonomesch Zäiten duerchliewen.

auto_stories

1 min

Russland huet selwer jorzéngte Laang groussen Afloss op déi fréier Sowjetrepublicke gehat a fäert elo no der Ukrain och nach Moldawien als wichtegen Handelspartner ze verléieren. De Kreml begréisst donieft datt Ungarn déi finanziell Hëllef vu 50 Milliarden déi d‘EU der Ukrain w¨wll ginn, blockéiert. Um EU-Sommet zu Bréissel huet den ungaresche Premier Viktor Orban de Muere gefuerdert datt sei Land all déi Gelder vum europäesche Fong iwwerwise kritt, déi vun der EU blockéiert goufe wëll Ungarn verschidde Prinzippie vum Rechts-Staat net erfëllt. Eréischt dono géif hien den Veto zeréckzéien