Zanter Ufank Dezember feelt vum schäerfste Géigner vum russesche President Putin all Spuer. De 47 Joer alen Nawalny ass scho wéinst aneren Affären, ënner anerem wéinst Extremismus, zu 19 Joer Prisong verurteelt.
An deem Prisong, wou hie bis elo war, wier hien awer net méi. Dat hu Mataarbechter confirméiert. De Weekend hätte seng Affekoten Demanden a méi wéi 200 Prisonge gemaach fir rauszefannen, wou hire Mandant ass. Si géifen nach op Äntwerte waarden.
A leschter Zäit war säi Gesondheetszoustand ganz schlecht.