Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Krankeschäiner: Perséinlech Consultatioun bei engem Dokter gëtt obligatoresch

Santé

Krankeschäiner: Perséinlech Consultatioun bei engem Dokter gëtt obligatoresch

D’CNS hëlt nëmmen nach Krankeschäiner un, wann den Dokter de Patient effektiv och gesinn huet. Dat hat d’Gesondheetskeess Ufank des Mounts matgedeelt. Et géifen nämlech Online-Plattforme ginn, op deenen een ouni Consultatioun bei engem Dokter an ouni Ënnersichung, Krankeschäiner ausgestallt kritt. Wéi grouss ass de Problem? 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Dokter | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Am Abrëll wier bei Kontrollen opgefall, datt de Phenomeen vun de falsche Krankeschäiner immens séier géif zouhuelen, preziséiert den CNS-President Christian Oberlé. Bannent kuerzer Zäit wieren eng 40 Fäll mat ronn 80 falschen Certificaten zesummekomm. Ausgestallt goufen se iwwer auslännesch Online-Plattformen.

"A Frankräich an Däitschland sinn déi, déi mir elo kennen. De Moment schéngt awer och, datt et och an der Belsch esou ass. Do hate mir awer elo nach näischt. Bei eis koume praktesch dräi Véierel vun deene Certificaten aus Frankräich. Ee Véierel koum aus Däitschland."

Perséinlech Donnéeën un dubiéis Sitte viruginn

Et wier immens einfach, fir iwwer dës Online-Sitten un e falsche Krankeschäin ze kommen. Allerdéngs géif ee sech dobäi och engem perséinleche Risiko aussetzen.

"Et muss ee sech identifizéieren um Site an et muss ee verschidden Donnéeë vu sech uginn, déi an de Certificat era stoe kommen, an et muss een natierlech och bezuelen. Dat heescht, et muss ee säi Bankkonto a seng Kreditkaart uginn. Do weess ech net, op d’Leit sech bewosst sinn, datt si do vertraulech a perséinlech Daten un e Site ginn, dee ganz dubiéis ass."

Den Ament géif d’CNS en Dossier preparéieren zu dëse Plattformen, esou de Christian Oberlé. Mam Zil fir duerno eng Plainte anzereechen. Et wier awer ganz schwiereg, fir géint esou Sitte virzegoen, virun allem well se net hei am Land ugesidelt wieren.

"A mir mierken och, datt a Frankräich oder an Däitschland bei änleche Saachen, wann do Sitten zougemaach ginn, well Plaintë sinn, déi si praktesch den Dag drop ënner iergendengem aneren Numm erëm op."

Amende oder Dossier beim Parquet

Dofir wéilt ee virun allem op Preventioun setzen, fir dem Phenomeen entgéintzewierken. Den CNS-President betount, dat wier och am Interessi vun den Täter, déi déi falsch Krankeschäiner aschécken.

"Dir riskéiert natierlech eng Amende vun eis. Dir riskéiert awer och - jee nodeem wéi schlëmm de Fall ass - datt mir och beim Parquet en Dossier opmaachen. An Dir riskéiert awer och bei ärem Patron a Problemer ze kommen."

Zanter d’CNS hir Warnung erausgeschéckt huet, hätte sech eng Partie Betriber mat Verdachtsfäll bei der Gesondheetskeess gemellt, war et nach d’Prezisioun. Den Ament wier awer nach net ofzegesinn, wéi grouss de Phenomeen tatsächlech ass. 

Lauschterenplay_arrow