Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Damien Jurado - Ohio

play_arrow Live
search

/ Konz: Pompjeeë fannen no Asaz explosiivt Material an enger Wunneng

Däitschland

Konz: Pompjeeë fannen no Asaz explosiivt Material an enger Wunneng

Zu Konz hei vir an Däitschland hu Pompjeeën a Polizisten an enger Wunneng, nodeems do e Feier geläscht war, zum Deel explosiounsfäegt Material fonnt. Dofir haten eng 60 Leit gëschter um Freidegnomëtten hir Haiser misse verloossen. Eréischt am spéiden Owend konnte si zeréck.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/Winkler TV | Andreas Winkler
(Foto: picture alliance/dpa/Winkler TV | Andreas Winkler)

Den 30 Joer ale Mann, deem d’Wunneng gehéiert, gouf festgeholl, well een am Zesummenhank mat deene geféierleche Stoffer Strofdoten net hätt kënnen ausschléissen. D’Stoffer solle kontrolléiert gesprengt ginn, sou d’Autoritéiten.

live

Live