Fir d'Defenseausgabe soll d'Scholdebrems, déi am däitsche Grondgesetz verankert ass, méi labber gemaach ginn. Dat hat d'Unioun rezent nach ausgeschloss. Fir d'Infrastrukturen an Däitschland ze moderniséieren - dorënner Stroossen, Brécken a Gleiser - solle Kreditter vu 500 Milliarden Euro opgeholl ginn.