Am Hierscht lescht Joer hat den Horesca-President Alain Rix an der Press vu Problemer mat der ITM, a souguer vu Mobbing geschwat. D’ITM géif ze séier Strofe verhänken an de Betriber nach net emol eng Chance ginn.
Nei Brochure soll fir Kloerheet suergen
Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet betount, datt d'Zil vun der Campagne wier, Sanktiounen a Zukunft so gutt wéi et geet ze verhënneren.
“Et ass mäi Wonsch, awer och eng vu menge Prioritéiten, datt an Zukunft de Fokus vill méi staark op de preventive Charakter, also dVisitte vun der ITM an d'Berodung an de Betriber, geluecht gëtt, an net nëmmen op Kontrollaktiounen, déi op Sanktiounen ausgeriichtsinn.”
Den Horesca begréisst déi nei Mesuren an hofft doduerch och op besser Bedingungen um Terrain. D’ITM soll de Betriber dann och méi Respekt entgéint bréngen. Dat hätt hien hir och a gemeinsame Gespréicher matgedeelt, sou nach de Georges Mischo.
Ausserdeem gouf nach eng nei Brochure erausbruecht, wou all Mataarbechter aus dem Horeca-Secteur séier an iwwersiichtlech seng Rechter a Flichte kann noliesen.