Radioen

On air

Tockcity  |  Albertine Sarges - Girl Missing

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kontrollen am Horeca-Secteur: Méi Preventioun, manner Strofen

Inspection du travail et des mines

Kontrollen am Horeca-Secteur: Méi Preventioun, manner Strofen

D’Inspection du travail et des mines (ITM) soll an Zukunft bei de Kontrolle vu Betriber aus dem Horeca-Secteur éischter preventiv virgoen amplaz direkt Strofen auszeschwätzen. Um Mëttwochmoie gouf dofir bei enger Pressekonferenz mam Aarbechtsminister Georges Mischo eng nei Campagne annoncéiert, déi d’Virgoe vun der ITM ännere soll.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Am Hierscht lescht Joer hat den Horesca-President Alain Rix an der Press vu Problemer mat der ITM, a souguer vu Mobbing geschwat. D’ITM géif ze séier Strofe verhänken an de Betriber nach net emol eng Chance ginn.

Nei Brochure soll fir Kloerheet suergen

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet betount, datt d'Zil vun der Campagne wier, Sanktiounen a Zukunft so gutt wéi et geet ze verhënneren.

“Et ass mäi Wonsch, awer och eng vu menge Prioritéiten, datt an Zukunft de Fokus vill méi staark op de preventive Charakter, also dVisitte vun der ITM an d'Berodung an de Betriber, geluecht gëtt, an net nëmmen op Kontrollaktiounen, déi op Sanktiounen ausgeriichtsinn.”

Lauschterenplay_arrow

De Minister Georges Mischo mam Steve Martellini vun der Horesca. | © Jo Welfringer
De Minister Georges Mischo mam Steve Martellini vun der Horesca. (Foto: Jo Welfringer)

Den Horesca begréisst déi nei Mesuren an hofft doduerch och op besser Bedingungen um Terrain. D’ITM soll de Betriber dann och méi Respekt entgéint bréngen. Dat hätt hien hir och a gemeinsame Gespréicher matgedeelt, sou nach de Georges Mischo.

Ausserdeem gouf nach eng nei Brochure erausbruecht, wou all Mataarbechter aus dem Horeca-Secteur séier an iwwersiichtlech seng Rechter a Flichte kann noliesen.