Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - More Change

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung: Haaptsächlech Kaméidi, Knascht a Vibratiounen

Ëmweltverwaltung

Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung: Haaptsächlech Kaméidi, Knascht a Vibratiounen

D‘lescht Joer huet d‘Ëmweltverwaltung eng 289 Kontrollen a Geschäfter, Entreprisen, Industrieanlagen an op der Strooss gemaach. Parallel goufen 340 Plainten agereecht wéinst eventuelle Verstéiss géint Ëmweltoplagen, eppes méi wéi d‘Hallschent koume vu Privatpersounen.

auto_stories

1 min

Knascht | © Bigstoc / Ga_Na
Knascht (Foto: Bigstoc / Ga_Na)

An hirem Bilan hält d‘Ëmweltverwaltung fest, datt et dobäi virun allem ëm Kaméidi, Vibratiounen oder Knascht goung. D‘Beamte waren eng 150 Kéieren op den Terrain fir ze intervenéieren.

266 Produiten hu missen aus dem Verkéier gezu ginn, well se net zur Vente zougelooss waren, an der Haaptsaach wéinst falschem Etiquetage.

Bei de Kontrolle vu Klimatisatiouns- a Killanlagen an de Betriber ware sämtlech 45 Entreprisen net konform mam Gesetz, sief et well d‘Personal net certifiéiert war oder Gasfläschen net richteg markéiert.

171 Infraktioune goufe festgestallt, wat den illegalen Export vun Offall ugeet.