Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Caroline Polachek - Welcome To My Island

play_arrow Live
search

/ Konsequenze vum Klimawandel zu Lëtzebuerg

Extrem Wiederphenomeener

Konsequenze vum Klimawandel zu Lëtzebuerg

Déi extrem Wiederphenomeener huele weltwäit zou. Wéi wierkt sech déi global Äerderwiermung op d‘Planzen- an Déierewelt zu Lëtzebuerg aus? Mir hunn eis op d’Sich gemaach no miessbaren Effekter vum Klimawandel.

auto_stories

6 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Fir hie wier d‘Vitess mat där de Klimawandel sech am Bësch bemierkbar mécht beängschtegend, seet de Biolog a Botaniker Roger Schauls.

Op verschiddene Plazen am Routbichebësch tëscht Kielen a Koplescht wier de Krounendag zum Beispill nach schéin dicht, op anere Plaze geet et de Routbiche schonn däitlech manner gutt.

Fir d’éischt kréichen d’Buchen uewen an de Krounen eenzel Äscht, déi net méi esou schéi gréng sinn, eenzel Äscht géifen och schonn ofstierwen. Dee Phenomeen géif och ëmmer méi zouhuelen.

Fir de Roger Schauls ass d‘Vitess mat där de Klimawandel sech am Bësch bemierkbar mécht beängschtegend. | © Marlène Clement
Fir de Roger Schauls ass d‘Vitess mat där de Klimawandel sech am Bësch bemierkbar mécht beängschtegend. (Foto: Marlène Clement)

Besser méi fréi handelen, wéi méi spéit

Wa bis Lächer am Krounendaach sinn, da kënnt ze vill Luucht an Hëtzt eran. Dorënner leiden och déi jonk Beem. Hëlt de Bësch bis op enger Plaz of, da breet sech dat weider op déi Beem niewendrun aus, erkläert de Roger Schauls vum Mouvement écologique. Ze spéit wier et nach net, mee et misst ganz dréngend gehandelt ginn, insistéiert de Biolog.

"An et geet net dorëmmer ze soen: ‚Klimaschutz dierf net nerven‘, well d’Folgen, wa mir de Bësch verléieren, déi wäerten ons nach vill vill méi nerven, wéi wa mer lo momentan eppes géinge maache fir deen exzessive Kuelendioxidausstouss ze bremsen."

Konkret Folge vum Klimawandel sinn an der Vullewelt siichtbar

Am Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Iwwersiren ass déi gréisste Vulleberéngungsstatioun hei am Land. Méi wéi 100 verschidde Vullenaarte passéieren am Fiichtgebitt op hirem Wee an de Süden. Bis zu 200 Vullen den Dag ginn hei fir Monitoring-Zwecker beréngt, erkläert den Eric Kraus aus der Centrale ornithologique vun Natur an Ëmwelt. Tatsächlech géif een Effekter vum Klimawandel bei de Vullen observéieren. Virun allem bei den Deel- oder Kuerzstreckenzéier.

Zum Beispill beim Sëlwerreier. Dee kéim haaptsächelech aus dem Osten a wier soss éischter a Spuenien oder an Nordafrika geflu fir ze iwwerwanteren. Mëttlerweil géif de Sëlwerreier awer och a Mëtteleuropa iwwerwanteren, well d‘Wanteren hei net méi sou kal sinn.

Dramatesch Verännerungen an der Biodiversitéit

Vullen aus südleche Gebidder schéngen also op den éischte Bléck vun der globaler Äerderwiermung ze profitéieren. D‘Entwécklung géif awer net nëmmen d‘Vullewelt betreffen, seet den Eric Kraus.

Den Eric Kraus aus der Centrale ornithologique vun Natur an Ëmwelt | © Marlène Clement
Den Eric Kraus aus der Centrale ornithologique vun Natur an Ëmwelt (Foto: Marlène Clement)

"Et kënnt zu enger kompletter Verännerung vun der Biodiversitéit an eise Breetegraden."

Den Eric Kraus mécht nach op een aneren Effekt vum Klimawandel opmierksam. Wann extrem vill Reen a kuerzer Zäit fält, virun allem am Fréijoer an der Bréizäit, da kéinten d‘Näschte esou naass ginn, datt d‘Vulleweibercher et net méi packe fir d‘Näaschter waarm ze maachen, sou datt de Bruterfolleg ausbleift.

"Wann dat e puer Joer hannerteneen de Fall wier, da kéint dat Bestandsabréch bei verschiddenen Aarte mat sech bréngen."

Datt et ëmmer manner Villercher ginn, wier awer net eleng dem Klimawandel geschëlt, betount den Eric Kraus vun Natur an Ëmwelt, mee och der intensiver Landwirtschaft an der Zerstéierung vu wäertvolle Biotopen.

Lauschterenplay_arrow