Nodeems de Budget eng Majoritéit am Senat fonnt hat, war et Donneschdeg a Freideg un enger Commission mixte paritaire, bestoend aus 7 Senateuren a 7 Deputéiert, e Kompromëss beim Budgetsplang ze fannen, deen et och duerch d’Assemblée Nationale packe kann.
Ähnlechkeete mat der Barnier-Versioun
No 14 Stonne Verhandlunge stoung dëse gëschter Nomëtteg. De Wirtschaftsminister Eric Lombard sot, et wier e gudde Kompromëss, deen et Frankräich erlabe wäert, ze avancéieren.
A groussen Deeler ass et déi Versioun, déi et schonn duerch de Senat gepackt huet an se gläicht staark dem Budgetsplang vum Ex-Premier Michel Barnier, dee jo wéinst dësem per Mësstrauensvott ofgewielt gouf. Iwwerholl goufen zum Beispill temporär Steiererhéijunge fir Spëtzeverdénger a grouss Entreprisen.
De Budgetsplang soll de Staatsdefizit vun aktuell 6 Prozent vum PIB op 5,4 Prozent reduzéieren.
Net all Partei huet sech positionnéiert
D’Sozialiste bléiwen an der Oppositioun, weise sech awer zefridde mat gewëssen Zousoen a Kompromësser. De rietsextremen RN huet de Budget kritiséiert, mee sot, hir rout Linne wiere respektéiert ginn. Trotzdeem ass et warscheinlech, datt de Budget um Méindeg net déi néideg Majoritéit huet an d’Regierung dowéinst vum Artikel 49.3 wäert Gebrauch maache fir de Budget ouni Vott duerch d’Parlament ze boxen.
D’Lénkspartei La France Insoumise huet dowéinst schonn e Mësstrauensvott ugekënnegt. D’Sozialiste wollte sech zu dësem nach net kloer positionéieren. Och den RN sot, et géing een um Méindeg decidéieren, ob een e Mësstrauensvote géing matdroen.