Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”

NEI EU-KOMMISSIOUN

Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”

Am Europaparlament ass de Prozess fir déi nei EU-Kommissioun guttzeheesche blockéiert. D'Sozialiste si rosen, nodeems hir Kandidatin, d'Spuenierin Teresa Ribera bei hirem Hearing vun den EVP-Europadeputéierten haart an d'Geriicht geholl gouf. Et bleift onkloer, wéi et virugeet. Och no Gespréicher op den ieweschten Etagen. 

auto_stories

4 min

D'Stëmmung am Europaparlament war e Mëttwoch ganz opgereegt. Virop an der Fraktioun vun de Sozialisten. D'EVP brécht mat der pro-europäescher Majoritéit an deet sech mat den Extreem-Rietsen zesummen, schreiwe si an engem Pressecommuniqué.

Anti-Ribera-Fraktioun bréngt Faass zum Iwwerlafen

D'Drëps, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet, war den Hearing en Dënschdeg den Owend vun der prominentster Kandidatin vun de Sozialdemokraten, der Teresa Ribera, déi an der neier EU-Kommissioun déi ekologesch Transitioun ëmsetze soll.

De Marc Angel, LSAP-Europadeputéierten:

"An deem Hearing gouf keen Ënnerscheed gemaach ... an der Aggressivitéit vum Toun an de Froe vun der EVP, vun CDU-Politiker, vun der Vox, eng faschistesch spuenesch Partei, vun der AFD … Dat heescht vun der Fraktioun vun de Souveränisten an de Patrioten ... Et war, wéi wa si zesumme wieren, zesummen eng Strategie hätten. An dat mécht Angscht. An dat wëlle mir net."

Et hätt ee villes misse schlécken an der Lescht, esou de Marc Angel:

"Mir hu geschléckt, datt den Nicolas Schmit net an der Kommissioun ass, wat der Madamm von der Leyen hir Responsabilitéit ass. Mir hu vill aner Saache geschléckt. Mee enough is enough."

Isabel Wiseler-Lima: EVP bekennt sech zu pro-europäescher Koalitioun

Och vun anere sozialisteschen Europadeputéierten ass ze héieren: D'EVP muss sech decidéieren, mat wiem si wëllt eng Koalitioun hunn - mat proeuropäesche Parteien oder mam rietse Bord.

D'EVP bekennt sech ganz, ganz kloer zu där Majoritéit, zu där "von der Leyen-Majoritéit, déi an der Mëtt ass", seet iwwerdeems d'Isabel Wiseler Lima, d'CSV-Europadeputéiert an domat Member vun der EVP-Fraktioun. Si pucht de Ball zeréck an de Camps vun de Sozialisten: Et hätt een nämlech an hirer Fraktioun Bedenke par Rapport zur Kandidatin Teresa Ribera.

"Ech gesinn, datt Saachen där designéierter Kommissärin reprochéiert ginn. De Problem ass jo wierklech, datt eng Vereinbarung do war, an datt dat awer och, sou vill ech matkréien, vun der sozialistescher Säit, net agehale gëtt."

Wou genee dat de Fall ass, huet d'CSV-Politikerin net preziséiert. Och de Fait, datt hir Fraktioun d'Decisioun iwwer d'Teresa Ribera eventuell bis an déi nächst Woch verlee wëllt, wollt d'Isabel Wiseler-Lima net kommentéieren.

"Ech sinn der Iwwerzeegung, datt déi Kommissioun sou séier wéi méiglech sollt ufänke mat schaffen, an datt mir musse sou séier wéi méiglech en Accord fannen."

Charles Goerens: "Ursula von der Leyen muss elo handelen"

Ongeféier an der Mëtt tëschent deenen zwee stinn déi Liberal. Och si sinn Deel vun där informeller pro-europäescher Koalitioun. Déi Koalitioun huet ee grousse Problem, seet den DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

"Et ass ee Grondfeeler, datt mir eng Koalitioun hunn, déi kee Programm huet. A vu datt mir kee Programm hunn, hu mir och kee Reegelwierk iwwer dat, wat dee Programm soll anhalen."

Als zweete Problem nennt de Charles Goerens de Manfred Weber. De Chef vun der EVP géing mat der Extreem Droite flirten.

"Dat ass Gëft. Entweeder hu mir eng kloer Ligne, a mir soen, mir wëllen näischt mat Parteien ze dinn hunn, an deenen Nazie sech erëmtummelen. De Manfred Weber huet awer domat ugefaangen. En huet sech awer och an deem Verspriechen, an deem Engagement erëmfonnt, deen d'Madamm von der Leyen gemaach huet. Well d'Madamm von der Leyen huet dat zesummen an och am Numm vun deene Véier alles deklaréiert. Et war ganz kloer."

Elo awer géif kee méi deem aneren trauen, esou den DP-Politiker. Deemno wier et elo un der Kommissiounscheffin ze handelen.

"Et ass un der Madamm von der Leyen fir ze kucken, wéi mir aus där Mëscht do erauskommen. Et ass un hier, fir Propositiounen ze maachen."

Déi Proposen, esou de Charles Goerens, missten Onzefriddenheete vun den Europadeputéierten an den Hearingen iwwer verschidde Portefeuillen opgräifen an eventuell Ännerunge virgesinn.  

D'Ursula von der Leyen hat de Mëttwoch e Gespréich mat der Cheffin vun de Sozialisten, der Iratxe Garcia. Wat dobäi erauskoum, war de Mëttwoch net genee erauszefannen. Et hätt een ofgemaach, viru mateneen ze schwätzen, sou eng Source, déi no bei de Sozialisten ass.
Lauschterenplay_arrow