arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Klengen, direkten Impakt" op den Hafen zu Mäertert

Accident a Musel-Schleis

|
headphones

2 min

"Klengen, direkten Impakt" op den Hafen zu Mäertert

Eng 50 Schëffer hänken an Zwëschenzäit bei der beschiedegter Muselschleis zu Sankt Aldegund, am Krees Cochem-Zell. Dat huet den däitsche Verkéiersministère elo matgedeelt.

headphones

2 min

© Polizei Rheinland-Pfalz
(Foto: Polizei Rheinland-Pfalz)

D'Accident an enger Schleis op der Musel um Mëttwochmëtteg dierft et ee “klengen direkten Impakt” op den Hafen zu Mäertert ginn, esou d’Aschätzung am 100,7-Interview vum Direkter vum Grupp Luxport Gilles Braquet. 

D’Schëff war um Mëttwochmëtteg beim Erafueren an d’Schleis am Landkreess Cochem-Zell an d’Paart gerannt. D’Anlag gouf dobäi esou staark beschiedegt, datt se fir de Moment net méi funktionéiert. Zu de Konsequenzen dovu fir de Schëffstrafic op der Musel, de Generaldirekter vu Luxport vu Mäertert, Gilles Braquet.

"Mir hunn d’Info kritt, datt bis e Sonndeg de 6. Juli d’Schleis wäert blockéiert sinn. Dat heescht elo ginn och Leit op d’Plaz, déi kucke sech elo de Schued un. An da wäerte mer an den nächste Stonne respektiv Deeg matgedeelt kréien, wéi de Plang fir déi nächst Deeg ass."

De Gilles Braquet rechent also domat, datt et fir den Hafen zu Mäertert ee “klengen direkten Impakt” wäert ginn, duerch d’Accident an der Schleis, eng 100 Kilometer nord-ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

"Aktuell wäerte mir een Impakt hunn. Wann et bei e Sonndeg bleift, da wäerte mir eng Handvoll Schëffer hunn, déi mat Verspéidung an den Hafe kommen. Dat heescht souwuel mat Material, dat hei am Hafe soll entluede ginn, wéi och Schëffer, déi an den Hafe komme fir dann nees nei belueden ze ginn."

Ob d’Schleis zu Sankt Aldegund an domat och de Schëffsverkéier op der Musel vun der nächster Woch un erëm normal wäerte funktionéieren, géif dovun ofhänken, wat d’Experten op der Plaz virfannen. 

"Mir sinn aktuell optimistesch, datt mir soen, et ass villäicht eng kleng Reparatur. Mir sinn optimistesch, datt et dann d’nächst Woch erëm weidergeet."

No engem Schëffsaccident Ufank Dezember an der Musel-Schleis zu Müden an Däitschland hate knapp zwee Méint laang keng Schëffer normal kënnen zirkuléieren. Deemools war ee Schëff mat Autopilot ongebremst an d’Schleis gaangen. De Kapitän hat duerno eng Geldstrof kritt.

Nach een zweet Accident op der Musel 

An op der Musel an Däitschland gouf et um Mëttwoch den Owend ee weidert Accident. Bei Treis-Karden am Landkreess Cochem-Zell ass ee Kabinneschëff an eng Bréck gerannt, esou déi däitsch Police. Zwee Membere vun der Schëffscrew goufe blesséiert. Un der Bréck gouf et grousse Schued. Si huet awer net musse gespaart ginn.