Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kim Jong Un a Russland ukomm

Russland - Nordkorea

Kim Jong Un a Russland ukomm

Den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un ass a Russland ukomm, dat huet e Porte-parole vum Kreml confirméiert. De gepanzerte Privatzuch wier de Moien iwwert d‘Grenz gefuer.

auto_stories

1 min

D‘Treffe mam russesche President Wladimir Putin ass am extremen Oste geplangt, wou genee ass net offiziell kommunikéiert ginn, gëschter war vu Wladiwostock Rieds gaangen.

Et wier di éischte Kéier zënter véier Joer, dass de Kim säi Land verléisst. D‘Visitt géif weisen, wéi staark Russland isoléiert ass, sot eng Spriecherin vum franséischen Ausseministère.

D’USA huelen un, dass et bei der Visitt haaptsächlech ëm Waffegeschäfter wäert goen. Washington huet Nordkorea gewarnt, Waffen u Russland ze liwweren, all Aktioun an dem Sënn géif géint Resolutioune vum UN Sécherheetsrot verstoussen.