De Republikaner war gëschter Owend eiser Zäit vu sengem Posten ofgewielt ginn. Dat war eng Première an der Geschicht vun den USA. Rieds geet vu Chaos am Representantenhaus a vun engem Drama mat méiglecherweis grave Konsequenzen net nëmme fir d’USA.
National an international Konsequenzen
Wann dëse Chaos méi laang dauert, da kéinten d’Konsequenzen ee Shutdown an den USA sinn, an et kéinte keng finanziell Hëllef méi fir d’Ukrain decidéiert ginn. Bis een neie Spriecher gewielt ass, wäert d’US-Representantenhaus blockéiert sinn, an et kënne keng Gesetzer méi gestëmmt ginn.
Den Iwwergangsbudget vun den USA leeft Enn November aus. An dora si keng zousätzlech Hëllefe fir d’Ukrain virgesinn. Déi intern Kämpf bei den US-Republikaner riskéieren deemno och international Konsequenzen ze kréien.
Republikanesch Hardliner brénge Majoritéit zustan
Radikal Republikaner hunn de President vum Representantenhaus gëschter an engem historesche Schrack vu sengem Posten ofgesat. Déi grouss Majoritéit vun der republikanescher Fraktioun hu sech zwar hannert de McCarthy gestallt, mee duerch aacht sougenannte Rebellen ass eng knapp Majoritéit géint hien zustane komm.
Zu dëse Rebelle gehéiert de republikaneschen Hardliner an Deputéierten aus Florida Matt Gaetz, deen op der Säit vum fréieren US-President Donald Trump steet.
Demokrate wollten net hëllefen
D’Demokraten am US-Representantenhaus hunn dorop verzicht, dem McCarthy ze hëllefen, an hunn och géint den 58 Joer ale republikanesche Politiker gestëmmt.
Si hunn argumentéiert, et wier net hir Aufgab de McCarthy virum “Biergerkrich” an de Reie vun de Republikaner ze retten.