Radioen

On air

Notturno  |  Sun Smash Palace - New July

play_arrow Live
search

/ D’ADR refuséiert der Ëffentlechkeet matzedeelen, wéi eng Moossname si géint den Tom Weidig decidéiert huet

ADR-Nationalcomité

D’ADR refuséiert der Ëffentlechkeet matzedeelen, wéi eng Moossname si géint den Tom Weidig decidéiert huet

Den Nationalcomité vun der ADR hat de Méindeg den Owend eng schrëftlech Verwarnung “mat verschiddene Moossname” fir den Deputéierten a Stater Gemengeconseiller decidéiert, huet d’ADR haut um Méindeg an der Mëttesstonn matgedeelt. De Grond fir dës Entscheedung wier dem Tom Weidig säi “kontinuéierlecht Verhalen op de sozialen Netzwierker”.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Tom Weidig | © Chambre des Députés play_arrow
Tom Weidig (Foto: Chambre des Députés)

Am Virfeld war bei der ADR intern nach vun engem “kontinuéierlech parteischiedegende Feelverhalen” vum Tom Weidig rieds gaangen. De rezente Fall hätt den Ausschlag ginn, fir d’Demande vum Exekutivcomité fir eng Disziplinarprozedur, hat et an engem Bréif deen eis virläit geheescht.

Den ADR-Deputéierten a Gemengeconseiller Tom Weidig hat op Facebook ee queerfeindleche Kommentar geliked. Duerno hat hie behaapt, hien hätt d’Aussoen "onwëllentlech an onwëssentlech" ënnerstëtzt.

Schrëftlech Verwarnung fir den Tom Weidig

An der Sitzung vum Nationalcomité de Méindeg hätt de Politiker sech erkläert, entschëllegt an agesinn, datt hie Feeler gemaach hätt, huet d’ADR haut matgedeelt. Den Nationalcomité wier ënner anerem zur Conclusioun komm, datt den Tom Weidig keng Leit vernichte wéilt, an och net hätt wëllen dozou opruffen, steet an der Pressematdeelung ze liesen.

Decidéiert gouf de Méindeg eng schrëftlech Verwarnung mat "verschiddene Moossname" fir den ADR-Politiker: Wéi eng Mesuren dat sinn, gouf awer net matgedeelt.

Keng weider Erklärunge vun der ADR

Weder d’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos nach den Tom Weidig wollten haut weider Erklärunge ginn.

Déi sechs aner Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, haten de Samschdeg gemeinsam gefuerdert, datt den Tom Weidig net a senge politesche Funktioune soll bleiwen.

Lauschterenplay_arrow