D‘Palestinenser wëssen entretemps net méi, wou se nach Schutz siche kënnen. An der Stad Rafah, un der Grenz mat Ägypten sinn aktuell esou vill Leit, datt et weder Liewensmëttel, nach genuch Drénkwaasser oder Stroum gëtt, mellt d‘BBC.
Op palestinensescher Säit solle bis elo iwwer 17.000 Leit ëmkomm sinn, seet de palestinenseschen Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt. 70 Prozent dovunner wiere Fraen a Leit ënner 18 Joer.
Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet op en Neits un Israel appelléiert, ee bessere Schutz vun den Zivilisten an der Gazasträif ze assuréieren. Wuel hätte si eng Partie Schrëtt an déi Richtung gemaach, mee et géif net duergoen, esou de Blinken.