Zënter enger Woch ginn et op ville Plazen am Land Iwwerschwemmungen. Véier Departementer stinn ënner der héchster Warnstuf, eng 20.000 Stéit waren um Dënschdegowend ouni Stroum. An eng Besserung ass an den nächsten Deeg net ze erwaarden.
D’Departementer Gironde, Lot-et-Garonne, Maine-et-Loire stounge schonn ënner der héchster Warnstuf vu Météo-France. Um Dënschdeg koum nach Charente-Maritime dobäi. De Westen a Südweste vu Frankräich ass vu schlëmmem Héichwaasser befall.
Ronderëm d’Garonne ass d’Héichwaasser gëschter zwar e wéineg erofgaangen, mee et wäert schonn haut nees staarke Ree ginn. Och an der Maine am Weste klëmmt de Waasserstand.
34 Deeg Reen - E Rekord
10 weider Departementer stinn ënner der zweethéchster Warnstuf.
D’Regierung huet dës Iwwerschwemmungen als Naturkatastroph agestuuft, well d’Héichwaasser a sengem Ausmooss historesch ass.
Zënter mëttlerweil 34 Deeg reent et elo a Frankräich. Dat ass e Rekord. Och gouf et zënter 1959 nach ni esou vill Reen an der éischter Hallschent vum Februar wéi dëst Joer.
Buedem esou saturéiert - Nach e Rekord
An nach ee Rekord: Zënter 1959 war de Buedem am Hexagon net méi esou vollgesaugt mat Waasser. Dofir schwätzt d’Regierung och vun enger "crue généralisée". De Stuerm Nils huet mëttlerweil scho Schued an der Héicht vun enger Milliard verursaacht, mellt d’Caisse centrale de réassurance. Eng 900.000 Stéit haten an der leschter Woch wéinst dem Stuerm Nils zäitweis kee Stroum.
Gëschter Owend waren et dem Stroumubidder Enedis no nach 20.000. Nom Stuerm Nils kënnt awer haut schonn de Stuerm Pedro, deen am Nomëtteg de Westen treffe wäert.
Météo-France rechent mat Wandspëtzte vu bis zu 110 km/h a vill Reen. D’Situatioun a Frankräich bléift deemno ugespaant.
3 Doudeger wéinst Lawinnen
An de franséischen Alpen goufen et iwwerdeems op mannst dräi Doudeger wéinst Lawinnen.
Eng Lawinn ass zu Valloire iwwer eng Biergstrooss gaangen. Do ass eng Persoun ëm d'Liewe komm. Weider Lawinne waren an der Géigend vu La Grave. Do goufen zwee Schifuerer, déi net op enger Pist gefuer sinn, ënner dem Schnéi begruewen.