Hannergrond ass den Tarifkonflikt. No enger drëtter Verhandlungsronn gouf hei nach ëmmer keen Accord fonnt. Diskutéiert gëtt haaptsächlech wéinst Salaireserhéijunge fir déi ronn 120.000 beschäftegt Leit bei Volkswagen.
D'Direktioun vu VW huet bis elo all Gehaltserhéijung refuséiert a fuerdert amplaz Spuermesuren.
De Konzern preparéiert sech op weider Streiken, mee betount och seng Bereetschaft fir een Dialog. Fir haut an enger Woch si weider Verhandlunge geplangt.