Den Iwwerschoss virun der Dotatioun vun de Reserve läit bei 24,9 Milliounen. Am Juni war een nach vun engem Defizit vu ronn 41 Millioune fir dëst Joer ausgaangen, esou steet et am Rapport vun der Inspection générale de la sécurité sociale, deen eis virläit.
Zejoert gouf et een Defizit vun 41,6 Milliounen. Dëst Joer gëtt et een Iwwerschoss, mee fir 2024 géifen et nees rout Zuele gi mat engem Defizit vun 51 Milliounen, a fir déi Joren dono tëscht 2025 an 2027 géif et pro Joer een Defizit gi vun 126 Milliounen, esou steet et am Rapport vun der Inspection générale de la sécurité sociale.
D’Reserve klammen an absolutten Zuelen, mee am Verglach mat den Depensë géifen déi Reserven an den nächste Jore prozentual falen. 2027 wieren et just nach knapp 9 Prozent. Dat ass ënnert dem Seuil vun 10 Prozent, dee gesetzlech verankert ass.
Wéi awer kann een de Gesondheetssystem erhalen?
Wéi kann een also de Gesondheetssystem erhalen, a wa méiglech ouni d'Cotisatiounen eropzesetzen? An enger éischter Etapp misst een d’Evolutioun vun den Depensë global aschätzen. Fir d’Dokter- an Zänndokterassociatioun AMMD feelt et an den Aschätzunge vun der IGSS un enger Modeliséierung vun de Käschten, déi iwwer den Ausbau vun de Kompetenzreseauxen a vun de regionale Gesondheetsantennen generéiert ginn.
An den Ae vun der Spidolsfederatioun misst een der Evolutioun vun der demografescher Entwécklung Rechnung droen an eng Planifikatioun vun de Besoinen an de nächsten zéng Joer ausschaffen. Wëssend, datt d’Frontalieren ëmmer méi op d’Gesondheetsservicer hei am Land zréckgräifen. Och misst d’Digitaliséierung eng gréisser Roll spille fir d’Depensë baussent de Spideeler anzeschätzen.
Fir d’Gewerkschafte wéilt een elo och Explikatioune kréien, firwat datt de System vum Paiement immédiat direct sech net vill verbreet huet. Deen ass zanter September operationell a funktionéiert änlech ewéi beim Tiers Payant. Och misst ee kucken, a wéiwäit nei Recetten aus dem Staatsbudget kéinten an de Budget vun der CNS fléissen.
An der Quadripartite gëtt um Mëttwoch Mëtteg driwwer diskutéiert, mee dës Kéier sëtzt kee Santés- oder Sozialminister mat um Dësch, well déi aktuell Ministere jo keen Decisiounspouvoir hunn an déi nei Regierung jo nach net steet.