Radioen

On air

De Weekend  |  Tom Misch, Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
search

/ Kautioun fir den Donald Trump gouf reduzéiert

USA

Kautioun fir den Donald Trump gouf reduzéiert

Déi amerikanesch Justiz huet d‘Kautioun reduzéiert, déi de fréiere President Donald Trump wéinst Finanzbedruch muss bezuelen. En Appellgeriicht zu New York huet déi initial 454 Milliounen Dollar op 175 Millioune erofgesat.

auto_stories

1 min

D‘Geriicht huet dem Donald Trump zéng Deeg Zäit ginn, déi Suen ze bezuelen. Hie war an dësem Fall verurteelt ginn, well hien de Wäert vu sengen Immobilië kënschtlech opgeblosen hat.

An engem anere Fall, wou et ëm Bezuelunge vum Trump un eng fréier Porno-Schauspillerin geet, huet de Riichter confirméiert: Hei kënnt et zu engem penale Prozess an dee fänkt de 15. Abrëll un. Den Donald Trump wollt bis elo ëmmer verhënneren, datt e Prozess wärend senger Campagne fir d‘Presidentschaftswalen ufänkt.