Radioen

On air

Trendscheif  |  Macie Stewart - Spring Becomes You, Spring Become

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kann een eng nei Sprooch online léieren?

Den Hallwer Néng

Kann een eng nei Sprooch online léieren?

Mat der Lëtzebuerger Online-Plattform LLO.lu soll ee vun iwwerall an ëm all Auerzäit Lëtzebuergesch léiere kënnen. De Luc Schmitz, Sous-Direkter vum Institut national des Langues a Chef Projet vun LLO.lu, gëtt Informatiounen.

auto_stories

1 min

headphones

19 min

play_arrow

Lëtzebuergesch op eng spilleresch Aart a Weis léieren: dat ass d’Zil vun der Plattform Learn Luxembourgish Online, kuerz LLO. Iwwer App um Handy oder iwwer de Computer kann een iwwerall an zu all Ament seng Lëtzebuergesch Kenntnesser verbesseren. 

Notzer uechter d’Welt verdeelt

De Luc Schmitz, Chef de Projet vun der Plattform, zitt e positive Bilan: no engem Joer hu sech 64.000 Leit uechtert d’Welt op LLO ageschriwwen. Déi meeschte Leit déi d'Plattform notzen sinn zwar aus Lëtzebuerg, mee och aus Brasilien hunn 1.300 Leit sech zum Beispill ageschriwwe fir Lëtzebuergesch iwwer LLO ze léieren. De Luc Schmitz geet do dervun aus, datt dat Leit sinn, déi duerch de Recouvrement déi Lëtzebuergesch Nationalitéit kruten.

Komplementar Offeren

De Sous-Direkter vum Institut national des Langues ënnersträicht awer och, datt ee just iwwer eng Plattform oder just iwwer Coursen eng Sprooch net komplett léiere kann. D’Offere wieren am beschte komplementar ze notzen. Vill hëllefe géif et och, wann een d’Sproch, déi ee léiere well, sou gutt et geet och am Alldag benotzt, seet de Luc Schmitz.

Lauschterenplay_arrow