Jonker, déi an der Schoul kuerz virum Ofschloss stinn, oder geschwënn op den Aarbechtsmaart kommen, an doheem awer Schwieregkeeten hunn: Un dës Leit riicht sech de Projet "Jugendwunnen" vum SNJ. Konkret finanzéiert de Service national de la Jeunesse d’Gestionnairen, déi dann dës Wunnengen zur Verfügung stellen, erkläert d’Nathalie Schirtz am 100,7-Interview. Si ass Directrice adjointe vum SNJ. Nieft dëse Gestionnairen ass awer och de SePAS (Service psycho-social et d'accompagnement scolaires) an de Lycéeën ee wichtege Partner, iwwer deen déi Jonker op d’Hëllef stoussen.
Enk Zesummenaarbecht mam Logementsministère
Ganzer 250 Logementer stinn zur Verfügung. Allerdéngs betount d’Nathalie Schirtz och, datt et mëttlerweil Waardelëschte ginn. All Gestionnaire huet dobäi seng eege Waardelëscht.
De rezenten Appel à projet soll ënner anerem dëse Problem léisen, an eng zentral Waardelëscht aféieren. Dofir schafft een och mam Logementsministère zesummen, erkläert d’Nathalie Schirtz.
Effektiv ass et een Zil vum Logements- an Educatiounsminister Claude Meisch, de Jonken nach méi ënner d’Äerm ze gräifen, fir datt si eng abordabel Wunneng kënne fannen. Net just fir déi, déi Doheem Schwieregkeeten hunn, mee och déi, déi um Beispill frësch vun der Uni zeréck op Lëtzebuerg kommen.
Déi Logementer, déi den SNJ aktuell iwwer déi verschidde Gestionnairë vermëttelt, si meeschtens WGen oder Studioen. D’Roll vum Gestionnaire ass et, aktiv um Wunnengsmaart ee Logement ze sichen an dann zur Verfügung ze stellen. Dacks gëtt zum Beispill eppes vun enger Gemeng oder vum Staat zur Verfügung gestallt.
Zwou positiv Iwwerraschungen
An där Schinn soll och den neie Projet virufueren. “Mir musse kreativ ginn”, huet de Minister gesot, "fir weider zesumme Wunnraum ze schafen." D’Nathalie Schirtz kann dës Ausso just widderhuelen.
An der Realitéit gesäit dat natierlech méi schwéier aus: Um Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg ass et bekanntlech net einfach, abordabel Wunnengen ze fannen. Zumools wann et drëms geet, dës Wunnenge fir sozial Zwecker ze notzen. Mee d’Directrice adjointe vum SNJ ass schonn zweemol positiv iwwerrascht ginn, wéi si am 100,7-Interview verroden huet.
Ganzer 200 Participanten hu sech beim Appel à projet gemellt, dorënner vill Gemengen. Déi wieren intresséiert dorunner, déi Jonk an der Gemeng ze halen, fir datt si d’Gemengeliewen animéieren. Déi zweet Iwwerraschung ass zwou Wochen nom Appel à projet komm: Dunn ass nämlech schonn deen éischte konkrete Projet agereecht ginn. Sou séier hätt d’Nathalie Schirtz net mat Projete gerechent.
Individuell Begleedung ass Deel vum Programm
Si fäert och net, datt tëschent de Jonken, déi doheem Schwieregkeeten hunn, an deenen Aneren elo eng Zort Konkurrenz entsteet. Et muss een nämlech weiderhin eng ganz Rëtsch Krittären erfëllen, fir eligibel ze sinn. Sou dierft beispillsweis d’Akommes net iwwer engem bestëmmte Montant leien. Ausserdeem ziilt de Projet och dorop of, déi Jonk ze begleeden. Wéi liewen ech eleng? Wéi ginn ech mat Noperen ëm? Dësen Accompagnement musse si akzeptéieren.
Fir Jonker aus prekäre Situatioune gëtt dës Begleedung iwwerdeems individuell ugepasst. Zil vum Projet ass et nämlech och, datt déi betraffe Leit eventuell eng Kéier nees zeréck bei hir Famill kënne goen. “Duerch de Projet hunn déi Jonk dacks Recul zu hirer familiärer Situatioun kritt”, erkläert d’Nathalie Schirtz. Dat wier ee Feedback gewiescht, deen een dacks kritt hätt.
D’Directrice adjointe rechent iwwerdeems domadder, datt sech den Undrang op d’Wunnengen duerch dës Erweiderung vum Projet elo verduebele wäert.
Méi Informatioune fënnt een op logement.lu