Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - Confirmation

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Josep Borrel reest fir Visitt a China

EU - China

Josep Borrel reest fir Visitt a China

Den EU-Ausseminister soll den nächsten Donneschdeg a China reesen, heescht et haut vu Bréissel. Dee Besuch hat an de leschte Méint schonn zweemol missten ofgesot ginn, déi éischte Kéier well den EU-Diplomat positiv op de Coronavirus getest gi war, déi zweete Kéier hat Peking a leschter Minutt annuléiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

De Josep Borrell soll bei senger Visitt ënner anerem dem chineeseschen Ausseminister Wang Yi begéinen, fir en Austausch iwwer déi bilateral Reaktiounen tëscht China an der EU souwéi hir Baussen- a Sécherheetspolitik. 

D‘EU hat am Juni eng nei Strategie presentéiert, fir verschäerft géint Risike fir d‘Wirtschaftssécherheet an der Unioun virzegoen, déi virun allem vu Peking ausginn. Europa wëllt sech ouni den Afloss vun den USA vis à vis vu China positionéieren.