Radioen

On air

Moiesstudio  |  Daryl Hall & John Oates - You Make My Dreams (Come True)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden verschäerft Asyl-Reegele fir géint illegal Migratioun op der mexikanescher Grenz virzegoen

USA

Joe Biden verschäerft Asyl-Reegele fir géint illegal Migratioun op der mexikanescher Grenz virzegoen

Den US-President Joe Biden verschäerft d‘Asyl-Reegelen un der Grenz tëschent Mexiko an den USA. D‘Zuel vu Migranten, déi aus Mexiko an d‘USA kommen, soll doduerch limitéiert ginn.

auto_stories

1 min

Joe Biden Securing our Borders | © picture alliance / Consolidated News Photos | Al Drago - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Al Drago - Pool via CNP

Dem President säin Dekreet erlaabt den Autoritéiten et, Leit, déi illegal an d‘USA areesen, ofzeweisen, ouni hir Asyldemanden ze behandelen.

Déi nei Reegele sollen a Kraaft trieden, esou bal an engem Dag an der Moyenne méi wéi 2.500 Migranten illegal iwwer d'Grenz kommen. Ausname gëllen ënner anerem fir onbegleete Kanner oder fir krank Leit.

Den Joe Biden sot op enger Pressekonferenz zu Washington, déi nei Reegele géifen hëllefen, nees Kontroll iwwer d'Grenzen ze kréien.

D'Immigratioun ass ee vun den Haapt-Waltheeme fir Presidentewalen an den USA de 5. November.

D'Flüchtlingshëllefswierk vun der UNO huet Kritik geäussert. Duerch déi verschäerfte Reegelen hätte vill Leit, déi internationale Schutz bräichten, keng Méiglechkeet méi, Asyl an den USA unzefroen.