Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden: D‘Demokratie ass a Gefor an dogéint musse mer eis wieren

Ried zur Lag vun der Natioun

Joe Biden: D‘Demokratie ass a Gefor an dogéint musse mer eis wieren

Den Joe Biden huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun en Appell un d'US-Amerikaner gemaach, fir d'Demokratie ze verteidegen. Dës wier duerch den Donald Trump a seng Supporter bedreet.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Joe Biden (Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)

Mäi Virgänger an e puer vun iech probéieren d‘Wourecht iwwer den 6. Januar ze begruewen, sou de Biden mat Bléck op den Donald Trump an d‘Attack op d‘Kapitol. Dat wier deemools déi gréisste Gefor fir d‘Demokratie zënter dem amerikanesche Biergerkrich gewiescht. De Biden huet den Trump dobäi net mam Numm genannt, mee just vu sengem Virgänger geschwat. De Biden huet och op säin Alter ugespillt a gemengt a sengem Alter géif ee vill Saache grad méi kloer gesinn.

E klore Message war et och un Israel: Eng sechs Woche laang Wafferou misst direkt decidéiert ginn. Et géif een den Zivilisten an der Gazasträif weider hëllefen, mee Israel misst dës Leit och schützen. D‘USA hate virdrun ugekënnegt e provisoreschen Hafen an der Gazasträif ze bauen, fir d'Zivilpopulatioun mat Liewensmëttel ze versuergen.