search

/ Jéngsten hollännesche Premier jeemools: Nei Regierung gëtt haut vereedegt

Holland

|
headphones

1 min

Jéngsten hollännesche Premier jeemools: Nei Regierung gëtt haut vereedegt

Holland kritt haut eng nei Regierung. Knapp véier Méint no der Parlamentswal gëtt déi nei Dräierkoalitioun vum hollännesche Kinnek Willem-Alexander zu Den Haag vereedegt. 

headphones

1 min

De Rob Jetten (D66) gëtt mat 34 Joer de jéngsten hollännesche Premier jeemools | © EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN
De Rob Jetten (D66) gëtt mat 34 Joer de jéngsten hollännesche Premier jeemools (Foto: EPA/ROBIN VAN LONKHUIJSEN)

Neien hollännesche Premier gëtt de lénksliberale Rob Jetten vun der Partei D66. Mat 38 Joer ass hien dee jéngste Regierungschef jeemools an Holland. 

Seng Partei hat d‘Wal am Oktober zejoert knapp virun der Partei vum Rietspopulist Geerts Wilders gewonnen. Zesumme mat de Chrëschtdemokraten a Rietsliberale forméiert D66 eng Minoritéitsregierung.