Radioen

On air

Tockcity  |  UTO - Spy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Tonnar: No 25 Joer Escher Gemengepolitik ass Schluss

Escher Politiker

Jean Tonnar: No 25 Joer Escher Gemengepolitik ass Schluss

Den Escher LSAP-Politiker Jean Tonnar zitt ee Schlussstréch ënner seng politesch Karriär. Enn dës Mounts mécht hie Plaz fir de méi jonken Nofollger Aldin Avdic. Mir froen den Escher LSAP-Politiker, wat hie vu senger laanger Zäit am Gemengerot zeréckbehält an ob et hien ni gereizt huet, Nationalpolitik ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Den 30. Abrëll ginn et op den Dag genee 25 Joer, datt de Jean Tonnar an den Escher Gemengerot gewielt gouf. Dofir hätt hie sech schlussendlech deen Dag erausgesicht, fir mat senger politescher Karriär opzehalen. Datt hie säi Mandat net fäerdeg mécht, fir engem Jonken déi Plaz ze ginn, stoung scho méi laang fest.

Vun enger Schnapsiddi zum gréisste Succès

Den Ament ass de Jean Tonnar am Gemengerot an der Oppositioun. Hie war awer och scho Schäffen, ënner anerem och Kulturschäffen. Do huet hie sech laang dofir agesat, datt d‘Kulturjoer op Esch kënnt.

Datt him dat gelongen ass, zielt de Jean Tonnar als ee vu senge gréisste politesche Succèsen. "Dat war am Ufank e bëssen eng Schnapsiddi, an et huet keen eis dat gegleeft", erzielt hien.

Den Dram vun enger Seelbunn

Eng weider Iddi vum Jean Tonnar war et, eng Seelbunn vun der Escher Gare op de Belval ze bauen. "Ech sinn nach haut der Meenung, datt net alles iwwer de Buedem fuere kann", esou den nach-Escher Gemengeconseiller.

"Do war souguer geduecht, Belval Routlëns, deen neie Quartier, iwwer d'Gare an d'Metzeschmelz, deen aneren neie Quartier. A finalement hätt een eng Circle Line kënne maachen, déi dat alles verbonnen hätt."

D‘Pläng géife virleien, et wier een awer ofgewielt ginn an déi nei Majoritéit wollt de Projet net viruféieren. Firwat kann de Jean Tonnar sech net erklären, an et ass ee vu senge gréisste Regreten aus senger politescher Karriär.

"Meng Definitioun vun der Politik ass ..."

A senger Karriär war de Jean Tonnar iwwerdeems op all Posten, ausser op deem vum Buergermeeschter. Ugefaangen als Conseiller an der Majoritéit, da Schäffen an da Conseiller an der Oppositioun.

"Meng Definitioun vun der Politik ass ëmmer, de Buergermeeschter weess alles, d'Schäffe wësse relativ vill, d'Conseille vun der Majoritéit wëssen e bëssen an d'Conseille vun der Oppositioun wëssen näischt."

An enger Gemeng Oppositiounsaarbecht ze maache wier deemno relativ schwiereg. Datt d‘LSAP zu Esch hir Majoritéit verluer hat, wier ganz hir eege Schold gewiescht, seet de Jean Tonnar, ouni wëllen op d‘Detailer anzegoen. Op nationalem Niveau Politik maache wollt hien iwwerdeems ni. "Wéi ech an d'Politik gaange sinn, wollt ech am Fong fir Esch eppes maachen," esou de Jean Tonnar.

Lauschterenplay_arrow