Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - Pang!

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean Asselborn: “Heiansdo muss een déi diplomatesch Zeréckhalung ofleeën”

NO bal 20 JOER: ÄDDI VUM JEAN ASSELBORN

Jean Asselborn: “Heiansdo muss een déi diplomatesch Zeréckhalung ofleeën”

No bal 20 Joer als Lëtzebuerger Ausseminister seet de Jean Asselborn zu Bréissel op sengem leschten Ausseminister-Conseil Äddi. Iwwer seng politesch Zukunft wollt hien do awer nach ëmmer näischt verroden.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Déi genee Zuel vun de Conseils-Sitzungen, bei deenen hien dobäi war, géing hien net kennen, sou de Jean Asselborn um Méindeg Moien zu Bréissel. Kuerz no 8 Auer steet hien zu Bréissel am “Europa”-Gebai virun der Press, kuerz viru senger leschter Reunioun vun den EU-Ausseministeren.

“Iwwer 200 Ministere si komm a gaangen”

“Ech weess net, wéi vill Sitzungen et waren, ma ech weess, datt 240 Ministere komm a gaange sinn an där Zäit. Dat weess ech.”

Déi bal 20 Joer “Géing een net einfach esou wech stiechen”, sou de Jean Asselborn, deen zanter 2004 Ausseminister zu Lëtzebuerg ass. “Ech hat jo elo awer Zäit, fir mech drop virzebereeden.”

Als “Defi” beschreift hien d’Momenter mat der europäescher Press.

“Do gëtt et eng Complicitéit, net am schlechte, mee am gudde Sënn vum Wuert, fir Europa ze erklären. Et ass eréischt duerch d’Kritik vun der Press, wou eis Positioune glaubhaft ginn.”

Ee vun deene schéinste Momenter: Ophuele vu Kanner aus Moria

Bei all deene rezenten negative Momenter, “bei deenen internationaalt Recht mat Féiss getrëppelt gëtt”, behält de Jean Asselborn gären déi positiv an Erënnerung.

Zum Beispill d’Conseils-Sitzung virun dräi Joer, op där hie sech dofir agesat huet, datt d’EU-Länner solle Refugiéen aus dem Camp “Moria” op der griichescher Insel Lesbos ophuelen. Et hätt zwar gedauert, mee um Enn awer geklappt.

“Dat war ee vun de schéinste Momenter, wéi déi Kanner ukomm sinn. Net eleng, well déi Kanner zu Lëtzebuerg ukomm sinn, dat war scho wichteg. Ma well dono Floss dra komm ass, an Dausende vu jonke Leit an Däitschland ugeholl gi sinn.”

Merde alors: “Deet mir net leed”

Rezent sinn et déi negativ Evenementer, déi d’Iwwerhand hunn. De Jean Asselborn, dee selwer bis kuerz virum 24. Februar 2022 ee russeschen Ugrëff an der Ukrain net fir warscheinlech gehalen huet, beschreift deen Dag als ee vun deene schlëmmsten. Nieft dem 7. Oktober 2023, dem Dag vun der terroristescher Attack vun der Hamas an Israel.

“Dat ass infernal. Et kann ee sech bal net virstellen, datt et esou eppes nach gëtt am 21. Joerhonnert. Dat ass schonn eppes, wou ee sech als Ausseminister freet: Wat hutt der alleguerte falsch gemaach? Fir dat esou eppes wéi dat doten, net nëmmen nach méiglech ass, ma och datt et net vun der Welt, vun allen op der Welt, condamnéiert gëtt.”

Den elo 74 Joer allen LSAP-Politiker huet d’Lëtzebuerger Diplomatie gepräägt. Op der europäescher Tribün bleiwe Spréch ewéi “Merde alors” am Gediechtnes.

Speziell déi Ausso aus dem Joer 2018 géintiwwer vum italieeneschen Inneminister Matteo Salvini deet him haut net leed. De Salvini hat afrikanesch Flüchtlingen als Sklave bezeechent, déi säi Land am Géigesaz zu Länner ewéi Lëtzebuerg net bräicht.

“Dat mam Salvini ass spontan komm”

Déi Ausso wier “spontan komm”, sou de Lëtzebuerger Chef-Diplomat, dee vu sech selwer seet, hie wier “keen Diplomat”, hätt dat awer geléiert an och, datt “Diplomate-Mënsche sinn, déi probéieren, datt Ganzt ze kucken an doduerch och eng gewëss Zeréckhalung hunn.”

“Et gëtt Momenter, wou een, deen déi politesch Verantwortung huet, déi Zeréckhalung muss ofleeën. Wéi? Dat ass net ze explizéieren. Zum Beispill, dat mam Salvini. Dat ass komm, spontan, wéi hie vu Sklave geschwat huet an dovun, datt een d’Genfer Konventioun misst ewech gehäit ginn. Do ass dat komm. Ech weess, datt dat hänke bleift. Ech mengen awer net, datt dat eppes ass, wat den Ëmgank tëscht den europäesche Minister op d’Kopp gehäit.”

Politesch Zukunft: Näischt ausgeschloss

Sengem potentielle Nofollger, dem Xavier Bettel, wëll de Jean Asselborn iwwerdeems kee Rotschlo mat op de Wee ginn.

“Nee, dat maachen ech net. Et huet och kee mir ee ginn. Éischtens musse mir jo och mol kucken, wien dat ass, an zweetens, wann et deen ass, dee mir allen zwee elo mengen, deen huet jo Erfarung. Dat wäert scho klappen.”

Ob hien an d’Chamber geet, wollt den Nach-Ausseminister zu Bréissel net verroden. “Ech ginn en Dënschdeg an d’Fraktiouns-Sitzung a schwätze mat de Kolleegen”. An zur Fro, ob hien Ambitiounen hätt, an d’Europaparlament ze goen:

“Dat ass nach wäit, dat ass nach wäit.”

Lauschterenplay_arrow


De ganzen Interview mam Jean Asselborn zu Bréissel: