Radioen

On air

9 bis 1  |  The Human League - Love Action (I Believe In Love)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschwemmungen am Nepal fuerderen op d'mannst 100 Mënscheliewen

Asien

Iwwerschwemmungen am Nepal fuerderen op d'mannst 100 Mënscheliewen

Am Nepal si bei Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher op d‘mannst 100 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Eng 70 Leit ginn nach vermësst, esou d‘Police.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Subaas Shrestha
Foto: picture alliance / NurPhoto | Subaas Shrestha

Am Kathmandu-Dall hätte bis elo 1.000 Leit kënne gerett ginn, esou den Inneministère. An der Haaptstad, Kathmandu, sinn d‘Flëss wéinst deem staarke Reen iwwert d‘Ufere gelaf. Vill Leit hu sech op Diecher vun Haiser gerett.

DeMonsun verursaacht a Südasie reegelméisseg Iwwerschwemmungen.Wéinst dem Klimawandel wier de Monsunreen an de leschte Jore méiintensiv ginn, esou Klimatologen.