Duerch d‘Salz ginn Närstoffer am Buedem futti an de PH Wäert klëmmt. Dobäi kënnt, datt d‘Salz d‘Grond an Drénkwaasser knaschteg mécht. Och d‘Patte vun den Hausdéiere leiden drënner.
50 % vun de Korrosiounsschied un den Autoen entsti schätzungsweis duerch Streesalz. Natur an Ëmwelt gëtt aner Léisungspropose fir de Schnéi virun der Hausdier ewech ze kréien. Zum Beispill de Schnéi ofkrazen éier en zu Äis gëtt. Duerno kann ee Sand oder Äsche streeë fir datt d‘Iwwerfläch net rutscheg gëtt.
Salz soll just als allerlescht Léisung geduecht ginn. An da soll manner dofir méi effizient gesalzt ginn. Dat heescht dohinner streeë wou scho Schnéi geschëppt gouf. Wann een op ze vill Schnéi oder äis Salz street da féiert dat dozou datt eng Äisschicht sech bilde kann.